Radioen

On air

Notturno  |  James Brown - Get Up Offa That Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltwäit Trauer ëm de Prince

Popkultur

Weltwäit Trauer ëm de Prince

Ee vun de gréissten Artisten aus der Pop-Geschicht ass dout. De Prince ass um Donneschdeg doud fonnt ginn, hie war 57 Joer al. 2011 war hie fir e Concert zu Lëtzebuerg. Lo gëtt iwwerall op der Welt ëm hie getrauert.

auto_stories

6 min

De Prince am Joer 2011 (Foto: NorthfotoBP/Bigstock)

No der Nouvelle vum Doud vum Popstar Prince gëtt weltwäit ëm hie getrauert. Vum Barack Obama iwwer d'Madonna bis bei de Mick Jagger hu Fans a Frënn Erënnerungen gedeelt. Wéi och schonn beim Doud vum David Bowie an dem Lemmy Kilmister ginn dës Gedanken a Noriff haatsächlech op de soziale Medie gemaach. 

Op ville Plaze sinn Hommagen un de Popstar geplangt. Am Gréissten dierft d'Trauer am Prince senger Heemechtsstad Minneapolis sinn, eng Plaz där hien ëmmer trei bliwwen ass. E lokale Radiossender huet no der Nouvelle vu sengem Doud nëmme nach Musek vum Prince gespillt. Brécken a Gebaier ginn an Erënnerung u "Purple Rain" mauve beliicht, an e Sonndeg sollen d'Klacke vum Kierchtuerm eng hallef Stonn laang Lidder vum Prince spillen. 

Siwe Mol Grammy

De Prince war, zesumme mam Michael Jackson an dem Madonna eng vun de grousse Popikonen aus den 1980er. "Purple Rain", "Kiss", "When Doves Cry",  awer och "Sexy Motherfucker" ware seng grouss Erfolleger. Hie krut siwe Grammyen an en Oscar fir de beschte Filmsong ("Purple Rain", 1984). 2011 ass de Prince zu Lëtzebuerg an der Rockhal opgetrueden.

Hie war e Rockstar, dee bei MTV an der Boucle gelaf ass. An dat trotz zweedeitegen Texter, déi net seelen an d’Rubrik Explicit lyrics falen. Sexy a provokant huet hie sech op der Bühn an an de Clippe presentéiert: et koum een net laanscht den 1-Meter-58-Mann- aus Minneapolis.

Vu Prince bei TAFKAP

De Prince huet d'Stiler vun der schwaarzer Musek gemëscht. Hien huet Lidder um lafende Band geschriwwen. Fir sech, awer och fir anerer. Wéi zum Beispill "Manic Mondays" fir d’Bangles. Och d'Sinnead O'Connor ass mat der Prince-Nummer "Nothin' Compares To You" bekannt ginn.

No Streidereie mat senger Plackefirma wollt hien net méi als Prince optrieden an och net méi esou genannt ginn. Aus Droit d'auteurs-Grënn huet hie sech "TAFKAP" genannt (The Artist Formerly Known As Prince), a sech fir de Bühnenoptrëtt "Slave", Sklav, op de Bak geschriwwen.

Dëst Joer war de Prince Rogers Nelson, esou säi kompletten Numm, op enger Solotour ënnerwee: Just hien um Piano. D'"Piano & Microphone"-Tour war just eng weider Facette. De Prince huet d'Fans ëmmer erëm zur Ëmstellung op en neie Stil gezwongen.

Doud am Lift fonnt ginn

Wéi d'Police vu Minneapolis matgedeelt huet, ass de Prince um Donneschdeg an engem Lift a sengem Haus fonnt ginn. Hien huet sech net méi bewegt. Et ass versicht ginn, hien erëmzehuelen, ouni Succès.

Mëtt Abrëll hat hie scho Concerte missen ofsoen a war zu Atlanta an eng Klinik ageliwwert ginn. De Museker gouf no enger kuerzer Behandlung entlooss. Et wiere Problemer mat de Bronchë gewiescht, heescht et. 

De Prince war zweemol bestuet an zweemol erëm gescheet, säin eenzegt Kand ass 1996 am Alter vu just emol enger Woch gestuerwen. Ugangs den 2000er ass hien den Zeugen Jehovas bäigetrueden. De Prince wär den nächste 7. Juni 58 Joer al ginn.