Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De musikalesche Grondtoun vu Fligerturbinnen

Dankwart

De musikalesche Grondtoun vu Fligerturbinnen

Elektronesch Musek viru Publikum am intime Kader vum Radiostudio: Dat sinn d'Elodie Sessions. Den nächsten Invité ass Dankwart. Hie beschäftegt sech domat, wéi seng Musek op de Kierper vum Mënsch wierkt.

auto_stories

3 min

De Sam Erpelding verbënnt a senger Musek dat Natierlecht mat deem Digitalen. De Kënschtler huet ëmmer säi Mikro dobäi, fir Téin a Geräischer opzehuelen, déi spéider d'Basis vu senger Musek ginn. Zum Beispill Maschinnegeräicher, vun engem Schëffsmotor oder engem Generator.

"Oder wat ech gär hunn ass mat der Luxair fléien. Wann d'Turbinne bis starten, dat huet bal e Facteur wéi deen "Om". En huet schonn automatesch eng gewësse Frequenz an dowéinst och e gewësse Grondtoun."

Mat deem Material schafft de Sam Erpelding a baut de musikalesche Charakter aus.

Op sengem Debutalbum héiert een zum Beispill Field Recordings aus dem Süde vu Lëtzebuerg. "Abendland" ass eng musikalesch Ausernanersetzung mam Minett, mat der Stolindustrie, awer och mat der Natur.

Stilistesch kéint een d'Musek vun Dankwart an den Dub Techno Rayon klasséieren. Awer och elektroakustesch ambient Musek ouni Beats interesséiert de Kënschtler.

Bei senger E-Lodie Session dëse Samschdeg proposéiert hien eng Interpretatioun vun "Domhan Cùis", eng Evolutioun vun der Aarbecht um Album. Et gëtt danzbar a bësse schamanistesch, seet de Sam.

A sengen Etüden huet hie sech ënner anerem mat Lärmverschmutzung beschäftegt. De Kaméidi vum Verkéier wier eng staark Belaaschtung fir Mënsch an Déier, seet de Sam Erpelding.

"Zum Beispill Infraschall, wat duerch mechanesch Auswierkunge kënnt, dat reagéiert immens krass op de mënschleche Kierper. D'Leit kënnen nervös ginn, kënnen net schlofen, kréien de Kapp wéi a kënne wierklech intensiv Angschtproblemer kréien."

D'Auswierkung vu senger Musek op de mënschleche Kierper ass deemno och en Theema, mat deem de Kënschtler sech beschäftegt.

Als Kand ass hien an de Solfège gaangen, awer déi klassesch Musekspedagogik huet dem Sam Erpelding net zougesot. D'Gittar huet hie sech selwer bäibruecht a koum iwwer Hardcore an Noise Musek zu elektronesche Museksinstrumenter. Niewent Field Recordings beschäftegt hie sech och mat Pura Data, enger Plattform, op där een digital Museksinstrumenter ka programméieren.


Dat ganzt Gespréich mam Sam Erpelding

Lauschterenplay_arrow