Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppe fir manner bekannte Repertoiren

Morgenstern-Trio

Oppe fir manner bekannte Repertoiren

Den 10. Januar 2016 ass de Morgenstern-Trio am CAPE zu Ettelbréck. D'Catherine Klipfel (Piano), de Stefan Hempel (Gei) an den Emanuel Wehse (Cello) hunn 2005, wéi se sech offiziell als Trio forméiert hunn, ganz bewosst op ee Komponistennumm verzicht a sech fir den Dichter Christian Morgenstern entscheed. De Stefan Hempel huet dem Guy Engels verroden, firwat.

auto_stories

3 min

©Morgenstern-Trio

Vill Kammermuseksformatiounen nennen sech effektiv no Komponisten. Allerdéngs ass dësen Trend an deene leschte Jore gebrach gi – vum Trio Jean-Paul, vum Trio Mondrian oder och nach vum Trio Opus 8.  D'Catherine Klipfel, de Stefan Hempel an den  Emanuel Wehse hunn sech ganz bewosst fir de Christian Morgenstern entscheed. "Den Numm erlaabt eng ganz Rëtsch Associatiounen. Virun allem awer ass de Morgenstern een Dichter, deen d’Sprooch als Klang empfonnt huet – en ass ee klangbetounten Dichter", seet de Stefan Hempel.

Den Trio huet och scho Vertoununge vu Morgenstern-Gedichter opgefouert an huet wëlles Beaarbechtunge vun der belscher Komponistin Jacqueline Fonteyn a säi Repertoire opzehuelen

Jubiläum 2015

2015 war ee Jubiläumsjoer fir de Morgenstern-Trio, dee säin 10. Gebuertsdag gefeiert huet, allerdéngs net méi an der ursprénglecher Besetzung spillt.  Passend duerzou kruten déi dräi Museker vum Land Nordrhein-Westfalen de „Förderpreis für junge Künstler“, wat de Stefan Hempel ganz amusant fënnt: „Mir sinn alleguerte Mëtt 30 a verstinn eis net méi onbedéngt als jonk Kënschtler.“

De Stefan Hempel fënnt Präisser a Concoursen awer grondsätzlech wichteg. Manner wéinst dem Präis selwer, mee éischter wéinst der Virbereedung op ee Concours. Als jonke Museker léiert een nämlech d’Literatur kennen. Bannent kuerzer Zäit muss ee bis zu 10 nei Wierker léieren, astudéieren a bis op dee leschten Detail prouwen. „Dat bréngt een eigentlech méi weider. Duerch déi gemeinsam Aarbecht, entwéckelt een als Trio een eegene Stil. De Präis um Enn ass schéin an hëlleft och weider.“

Präisser suerge vrun allem fir Opmierksamkeet bei den Agencen an de Concertshaiser. An der Saison 2009/2010 war de Morgenstern-Trio fir d’Serie „Rising Stars" vun der Associatioun vun den europäesche Concertssäll nominéiert an hat och ee Concert an der Philharmonie. "Et war eng flott Erfahrung: eng ganz Saison op Europatournee. Antëscht goufe mer a verschidde Säll nees invitéiert“, erënnert sech de Stefan Hempel.

Den Interview vum Guy Engels mam Stefan Hempel:

 

 

Lauschtert déi ganz Emissioun "Optakt" iwwer d'Aktualitéit am Concertsliewen zu Lëtzebuerg: