Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch hanner dem Mythos

250 Joer Beethoven

De Mënsch hanner dem Mythos

D'Beethoven-Joer 2020 ass offiziell lancéiert, an dat heescht och fir d'Publizistik, Fouss beim Mol stoen. Wichteg ass et, méiglechst schëtzeg aus de Startlächer ze kommen, an dat ass manifestement den Usproch vun der neier Biographie aus der Fieder vun der Kirsten Jüngling. "Zum 250. Geburtstag: die erste Biografie, die den Menschen Ludwig van Beethoven in den Mittelpunkt stellt.", heescht et um Klappentext - dofir dann och den Titel: "Der Mensch hinter dem Mythos".

auto_stories

3 min

D'Kamera zoomt op e Personnage, dee sech op enger wäitleefeger Proprietéit schéngt verlaf ze hunn: Et ass de Ludwig van Beethoven am Park vun der Gräfin Erdödy, dräi Deeg, nodeems de Komponist spuerlos verschwonne war.

Mat dëser éischter Zeen fänkt der Kirsten Jüngling hir rezent Beethoven-Biographie un. Eng Zeen, déi direkt ze erkenne gëtt, wourëms et geet: um zäitweis scho bal sakral gefleegte Mythos Beethoven ze krazen a sech op de Mënsch fokusséieren.

E cinematographeschen Duktus

" ... so viele Motive für Interpretationen der Quellen, an deren Echtheit oder Korrektheit gezweifelt werden darf - die Beethoven-Literatur ist voll von alldem. Die vielen Beethoven-Biographien auch. Das ist typisch. Und ein Problem."

An deem Problem wëllt d'Kirsten Jüngling op 277 Säiten op de Fong goen, aus Anekdote Fakte schafen, soen, wien de Ludwig van Beethoven war. Si mécht dat an engem cinematographeschen Duktus, versetzt de Lieser chronologesch an nei Zeenerien, nei Zäitëmstänn, nei Verhältnesser an Ëmfelder, an deene sech de Beethoven erëmfënnt.

E Komponist, dee mat sech, mam alldeegleche Liewen ze kämpfen huet, well e stänneg krank ass a virun allem duerch de progressive Verloscht vum Gehéier.

Dacks net ze erdroen, awer grad esou verletzlech

Wéi kréien ech mäi Stot organiséiert, wéi suergen ech fir meng Famill, wéi geréieren ech meng Finanzen, wéi verkafen ech am beschte meng Partituren, wéi ginn ech mat mengen Editeuren, Frënn a Gënner ëm? Mir erliewen e Mënsch, dee Musek schreift, deem dës Konscht alles bedeit, deen no Unerkennung verlaangert, eng Aversioun géint Autoritéiten huet, sech awer permanent an hire Kreesser beweegt, well en op se ugewisen ass a well him dat och eng Grëtz gefält.

D'Kirsten Jüngling verzielt dat alles ganz lieweg. Si féiert eis no un e raue Mënsch, deen dacks net ze erdroen, awer grad esou verletzlech ass. Bewosst geet de Bléck op dem Beethoven seng Kompositiounen, op säi ganze Bildungskanon aus Literatur, Philosophie an Theologie ëmmer aus dësem Wénkel.

Um Enn net wierklech méi schlau

Wéi ass et awer mam Fakten-Check, deen eis op Säit zéng tëschent den Zeile versprach gouf ? Do si mer um Enn net wierklech méi schlau, well Froen dacks am Subjonctif beäntwert ginn. D'Kirsten Jüngling zitéiert fréi Beethoven-Biographen a -Frënn, déi sech dank der Proximitéit zum bedeitende Museker profiléiere wëllen.

Um Enn steet dann nees d'Fro: "Was wissen wir ...?". Dat gëllt absënns fir déi mysteriéis "Unsterbliche Geliebte".

Hir Identifikatioun ass scho bal eng Obsessioun fir d'Kirsten Jüngling, déi quasi all Fra am Beethoven sengem Liewen als potenziell Kandidatin gesäit an och esou duerch den historesche Scanner lafe léist - vun der Schülerin bis zur Schwéiesch. Och hei kréie mer keng definitiv Äntwert.

Eng flott geschriwwe Beethoven-Biographie

Um Enn bleift eng ganz flott geschriwwe Beethoven-Biographie, déi eis een Abléck an eng historesch opreegend Zäit gëtt - a matten dran e Komponist, dee Krämpes huet, eng Plaz fir sech a seng Musek an där Zäit ze fannen.

Esou richteg nei ass dat dann awer nees net.