Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lorenzo Senni op der Sich no Schéinheet

Elektronesch Musek

De Lorenzo Senni op der Sich no Schéinheet

Ier de Lorenzo Senni ugefaangen huet, elektronesch Musek ze produzéieren, war hie jorelaang Batteur. Elo fënnt een interessanterweis keng Beats a senger Musek. Déi hätt hien all am Kapp, wann hie spillt, erkläert de sympatheschen Italiener no sengem Optrëtt beim Eurosonic Festival.

auto_stories

4 min

YS: Wéi eng Zort Musek hutt Dir fréier gemaach, wou Dir nach Drummer waart?

LS: Fréier hunn ech Punk an Hardcore gespillt. Ech war a menger Heemecht an där lokaler Zeen involvéiert. Iergendwann hunn ech Leit kennegeléiert, déi mir Synthesizere gewisen hunn. Ech hunn d'Welt vun der elektronescher Musek entdeckt. Dat huet mech interesséiert.

An op eemol sidd Dir beim renomméierte Label Warp ënner Vertrag. Wéi ass et dozou komm?

Am Fong huet et 15 Joer gedauert. Ech sinn immens frou, datt ech bei engem Label sinn, deen ech ëmmer bewonnert hunn. Wéi ech elektronesch Musek entdeckt hunn, ass dat och duerch Warp geschitt. Dat ass wéi en Dram fir mech.

Mä ech hu mech eropgeschafft. Ech hat fir d'éischt e klenge Label wou ech e puer Disken erausbruecht hunn.

Dir hutt ëmmer vill live gespillt? Ech gesinn, datt Dir vill tourt?

Ech spille just live, wéinst mengem Background. Ech hunn ni opgeluecht. Ech sinn dee schlechtsten DJ vun allen Zäiten. Wat ech méi reesen, wat ech ëmmer méi gutt DJe gesinn. Awer et interesséiert mech ëmmer manner. Dat läit einfach net a menger Natur. Wann ech Musek lauschteren, denken ech net drun, datt si virun engem grousse Publikum wäert gespillt ginn.

Viru wéi enger Zort vu Publikum triet Dir op? Sinn dat éischter kleng Cluben?

Ech hat d'Chance och op grousse Bühnen ze spillen. Ech sinn um Sónar an op anere Festivalen opgetrueden. An ech ginn ëmmer nees vu ganz bekannten Nimm als Support invitéiert. Ech hu keng Angscht viru ville Mënschen opzetrieden. Virun allem, wann ech mech op der Bühn gutt spieren, also wann ech mech gutt héieren an alles stëmmt. Mäi Background ass et, op der Bühn ze stoen. Ech maachen dat einfach gär.

Ech ka mir virstellen, datt vill Leit wëllen danzen, wann Dir viru sou engem grousse Publikum spillt. Doduerch, datt Dir den Tempo wiesselt an éischter Stécker uneneereit, ass dat méi schwéier. Wéi reagéieren d'Leit am allgemengen? Versti si dat?

Nee. Mä genee dat ass mäi Punkt. Ech mixen express net. Ech hu gär brutal Iwwergäng. Och dat kënnt dovun, datt ech an enger Band war an ee Lidd nom anere gespillt hunn. Ech verstinn, datt d'Leit eng Erwaardung hunn, déi net erfëllt gëtt, mä wa si bëssen oppe sinn, kënne si trotzdem danzen an entertained ginn. De Beat wäert net kommen. Mä villäicht kënnt eppes Anescht, wat Spaass mécht. Ech hu lauter verschidden Erfahrunge gemaach. Ech verstinn och, wann d'Leit net frou sinn.

Haut hei um Eurosonic schéngt et funktionéiert ze hunn?

Am Fong funktionéiert et bal ëmmer. Wat mir wierklech um Häerz läit ass d'Live-Approche. Ech ka wiesselen, wann ech mierken, datt eng Saach net klappt. Wann eppes méi Staarkes geschitt, vergësst eist Gehir, wat virdru war. Et muss just gutt sinn. Wann d'Melodie gutt ass, kann d'Gehir sech do drun unhalen. Dat ass wichteg, fir ëmmer staark Momenter ze behalen.

Ech hunn den Androck, wéi wann Dir ëmmer op der Sich no Schéinheet sidd. Och wann Är Musek experimentell an onkonventionell ass, gëtt et zu engem Moment ëmmer melodesch. Och wann net wierklech eng direkt Melodie z'erkenne lass. Mä et blitt op.

Dësen emotionalen Touch ass mir wierklech wichteg. Och wann ech mat Konzepter schaffen, wëll ech net, datt d'Leit meng Gebrauchsanweisung musse liesen, fir meng Musek z'appreciéieren. Mir mécht et Freed, fir Melodien ze komponéieren a se op der Bühn ze spillen.

Wou kommen Är cool Danz-Moves hier?

Ech kommen aus enger Stad bei Rimini, déi am Summer ganz touristesch ass. All meng Frënn hunn an Discoen hannert dem Comptoir geschafft. Well ech keen Alkohol drénken, weess ech net, wéi ee Cocktaile mécht a sou weider. Dofir hunn ech gedanzt. An engem Cube iwwer der Danzpist. Mir waren zu dräi Meedercher an dräi Jongen. Mir waren awer net plakeg, ech hat 15 Joer an et war näischt Sexuelles. Do hunn ech geléiert Danzen. Ech kann alleguer d'Moves.


E Gespréich, opgeholl am Kader vum Eurosonic Festival, den 19. Januar zu Groningen (NL):

Lorenzo Senniplay_arrow