Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art Feynman - Desperately Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Koll an Aktioun 2019

Musek a méi

De Koll an Aktioun 2019

Et ass kee Festival, wéi déi aner: de Koll an Aktioun stécht eraus duerch den eemolege Kader vun der Leekoll. D'Programmatioun riicht sech un d'ganz Famill. D'Musek ass dobäi just ee Volet. Atelieren, eng Konschtausstellung, Stroossekonscht, Féierungen duerch de Schifermusée an de bal scho legendären Tour mam Zuch gehéiere genee esou zum Programm.

auto_stories

2 min

2019 wäert déi 5. Editioun vum Koll an Aktioun sinn. Foto: Sam Flammang

"Mir wollte Saache matenee verbannen, déi beienee gehéieren", seet de Philippe Schockweiler vum Koll an Aktioun. Et hätt ee wéilten e richtegen Indie-Festival mat nationalen an internationalen Top-Acts um vergiessenen Industrie-Site organiséieren. Den 8. an 9. Juni ass déi 5. Editioun zu Maartel, wou fréier Schifer ofgebaut gouf.

Vun Disco bis Jazz

Och wa si nach relativ onbekannt ass, d'Ankathie Koi stécht eraus op der Affiche. Déi éisträichesch Sängerin inspiréiert sech un Italo-Disco an 80's Synth-Pop. Bei hiren Optrëtter gëtt si vun engem Keytar-Spiller an engem Drummer begleet. Hir kraaftvoll Stëmm an hir exzentresch Performance sti ganz am Mëttelpunkt.

De Koll an Aktioun ass méi wéi just e Museksfestival. Foto: Sam Flammang

E weideren Highlight ass Blind Butcher aus der Schwäiz. De Post Punk-Duo mécht Musek, déi zugläich danzbar an entertaining ass. D'R&B-Sängerin Coely an den Indie Rock-Quartett Intergalactic Lovers, allebéid aus der Belsch, dierften déi bekanntsten Nimm am Programm sinn.

Donieft setzt déi musikalesch Programmatioun gréisstendeels op Decouverten, wéi déi britesch Orchards. Hinne geléngt de Spagat tëschent progressive Rhythmen, sportleche Gittaren an agängege Pop-Songs.

Musek vu Lëtzebuerg huet e grousse Stellewäert beim Koll an Aktioun. Them Lights, Leen, Serge Tonnar & Legotrip, de Pol Belardi a C'est Karma sinn nëmme puer vun den Nimm, déi dëst Joer am Koll an Aktioun optrieden.

Och beim Catering gëtt näischt dem Zoufall iwwerlooss. D'Produite si gréisstendeels lokal a bio. Bei hirem eegene Stand verkafen d'Organisateure Geméis, wat si selwer ugeplanzt hunn. "Mir wëlle kee risege Festival ginn, mir wëllen nohalteg wuessen", seet de Philippe Schockweiler.

De ganze Programm vum Koll an Aktioun kann een hei fannen:

http://kollanaktioun.lu/programme/


De Christophe Murroccu an de Philippe Schockweiler hunn de Koll an Aktioun virgestallt:

Lauschterenplay_arrow