Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Kaméidi ass dach vill méi interessant!"

RadioAktivitéit

"De Kaméidi ass dach vill méi interessant!"

De Sensu gëtt en Abléck an de Mystère vu sengem Handwierk. Viru gutt siwe Joer ass de belschen DJ a Produzent op Lëtzebuerg komm. Eng Virléift fir dat Atonaalt, Experimentellt an Erausfuerderend dreift seng musikalesch Visioun. E Samschdeg, de 15.2 um 22:00, spillt de Sensu en DJ-Set live hei um radio 100,7. Den Jamie Reinert huet sech mat him ënnerhalen.

auto_stories

3 min

Dem Scott Walker säin Album "Tilt" vun 1995 hat e groussen Afloss op dem Sensu seng musikalesch Sensibilitéit. "Ech hat nach hi esou eppes héieren. Dëse Mix vun enger operatescher Stëmm an industrieller Musek."

Déi Erfarung hätt e bëssen eng Obsessioun ausgeléist. Hie wier vu Saachen ugezunn, déi hien als Nolauschterer erausfuerderen. De Sensu appreciéiert eng avantgardistesch Perspektiv an der Musek. A sengen DJ Sets exploréiert de belsche Museker onentdeckten oder ongewéinlech Kläng.

D'Faszinatioun mat Sound an de Fait, sech Zäit ze huele fir richteg ze lauschteren, wier duerch en Artikel iwwer de Karlheinz Stockhausen ausgeléist ginn. "Ech hat 16 Joer, war voll an der Techno Musek dran a sinn an d'Clubbe gaangen. Mee dësen Artikel huet mir eng aner Welt presentéiert, déi vun experimenteller an elektronescher Musek."

Kontext, fir datt d'Musek wierkt

Musek, déi net ëmmer immens accessibel ass, wou dacks net vill ze passéiere schéngt, a wou ee sech Zäit muss huelen ze lauschteren. Mee fir de Sensu bedeit d'Bezéiung tëschent de Leit an experimenteller Musek méi, wéi si mengen. "De Soundtrack vun engem Film kann zum Beispill immens experimentell sinn, an de Public ass dat och gewinnt."

Et misst een dofir e Kontext fir dës Musek schafen, fir datt se wierkt. "Dëse Kontext kann ee gutt Glas Wäin sinn, gutt Gesellschaft, eng gutt Couch oder eng Museksanlag." Fir dem Sensu seng Musek géif et allerdéngs keen ideale Kontext ginn. "Ech sinn eng immens praktesch Persoun, wann et ëm Opleeë geet. Ech versiche mam Kontext ze schaffen, deen ech hunn an eppes an deem Kontext selwer ze schafen." Et géif een d'Tensioun am Raum spieren, wann alles gutt geet. "Wann d'Leit roueg sinn, heescht dat meeschtens, datt si wëlle lauschteren."

De Mystère bäibehalen

D'Relatioun tëschent Musek an dem Visuellen ass fir de Sensu dacks iwwerbewäert. "Wat ech net ëmmer gären hunn ass d'Iddi, datt déi zwee komplett musse synchroniséiert sinn. Ech fannen et méi interessant, wa se net openeen ofgestëmmt sinn."

Dat Atonaalt an Eckegt schéngt de Museker méi ze ergräifen. "Ech fannen et e bësse langweileg, datt vill Musek, déi hautdesdaags als experimentell bezeechent gëtt, a Wierklechkeet immens tonal ass." Op Concerte géif hien och mierken, datt déi meeschte Leit op deene méi direkten an harmoneschen Deeler hänke bleiwen. "Mee et war dach vill méi Kaméidi an deem Ganze soen ech ëmmer. An de Kaméidi ass dach vill méi interessant."

Experimentell Musek bleift fir vill Leit e grousse Mystère. Dacks ass net gewosst, wat wierklech hannendru stécht. "Dat huet och domat ze dinn, datt déijéineg, déi déi Musek maachen, meeschtens immens schei sinn." Et wier awer schéin ëmmer e bësse Mystère ze behalen. Um Enn vum Dag bleift Musekmaachen an Dje fir de Sensu en Handwierk.


E Samschdeg, den 15.2 um 22:00 spillt de Sensu en DJ-Set live hei um radio 100,7. Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Sensu: