Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gréngen Hiwwel als Sécherheetszon

Wagner-Festival

De Gréngen Hiwwel als Sécherheetszon

D'Aktualitéit huet dëst Joer staark Repercussiounen op d'Bayreuther Festspiller. Déi nei "Parsifal"-Produktioun mat hirer reliounskritescher Interpretatioun hat scho laang virun der Ouverture vum Wagner-Festival fir Diskussioune gesuergt. No den Evenementer déi lescht Deeg zu München, Würzburg, Reutlingen an Ansbach gouf de Sécherheetsdispositif nach eemol verstäerkt.

auto_stories

3 min

Poliziste virum Festspillhaus zu Bayreuth (Foto: picture alliance/Timm Schamberger)

Kee rouden Teppech fir d'Prominenz, keng Visite vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel - den Optakt vun den 105. Bayreuther Festspiller e Méindeg war anescht ewéi gewinnt. D'Sécherheet stoung am Mëttelpunkt. D'Police ass ronderëm de legendäre Gréngen Hiwwel patrulléiert, d'Invitéë goufe grëndlech kontrolléiert, éier si an d'Festspillhaus hunn dierfen eran.

Trotz dem héijen Opwand u Personal a Material bleiwen awer nach genuch Lächer. Wie ka stänneg d'Bühnenentrée iwwerblécken, d'Gewulls vun de Mataarbechter, déi d'Kulissen, d'Requisiten an anert Geschir permanent eran- an eraustransportéieren?

D'Angela Merkel hat hir Präsenz allerdéngs scho viru Wochen ofgesot. De Grond ware Sécherheetsbedenken. Fir d'Ouverture vun de Festspiller 2016 stoung nämlech eng nei "Parsifal"-Inzenéierung vum Uwe-Eric Laufenberg um Programm, déi sech ganz speziell mat der reliéiser Dimensioun vum Wagner sengem "Bühnenweihfestspiel" ausenanersetzt. Reliounskritesch oder - nach méi geziilt - islamkritesch, dat war d'Fro, hannert där déi Responsabel och ee gewësse Risikofacteur gesinn hunn.

De Regisseur Uwe-Eric Laufenberg plädéiert um Enn fir méi Mënschlechkeet a manner Relioun - a kritt duerfir och vill Applaus.

Noutléisung als Glécksgrëff

Ee wesentlech méi grousse Risiko bei dësem "Parsifal" war den Dirigent Hartmut Haenchen. Den Haenchen ass wuel ee Wagner-Expert, huet awer d'lescht Woch kuerzfristeg misse fir den Andris Nelsons asprangen. Fir stante pede an enger fuschneier Produktioun den Orchester an d'Sänger ze dirigéieren, ass een Challenge, deen den Haenchen meeschterhaft bestanen huet.

Den Hartmut Haenchen dirigéiert "Parsifal" (Foto: Thomas Brill)

Den Andris Nelsons hat sech zeréckgezunn, well de musikaleschen Direkter vu Bayreuth, de Christian Thielemann him stänneg a seng Aarbecht drageschwat huet. Dee Réckzuch kéint elo ee grousse Problem fir Bayreuth ginn, well den Andris Nelsons 2020 eng nei "Ring"-Produktioun dirigéiere sollt. Schonn d'lescht Joer hat den Thielemann mam Kirill Petrenko, den Dirigent vum aktuelle Castorf-"Ring" ewechgemobbt.

Castorf-Ring am véierte Joer

Dem Frank Castorf seng nihilistesch, pessimistesch Lecture vum "Ring des Nibelungen" geet an hiert véiert Joer. Si gëtt vu villen Experten als déi bescht Ring-Produktioun zanter dem Patrice Chéreau senger Mise en scène vun 1976 consideréiert.

D'nächst Joer steet eng nei Produktioun vun "Die Meistersinger von Nürnberg" an d'Haus, mam Klaus Florian Vogt, deen aktuell als Parsifal grousse Succès huet. Fir 2018 ass d'Sopranistin Anna Netrebko ugekënnegt, déi hiren Debut zu Bayreuth als Elsa am "Lohengrin" soll maachen.


De Jean-Paul Bettendorf ass zu Bayreuth a mellt sech vum 25. bis den 29. Juli all Dag mat enger Korrespondenz am Kulturmagazin.

Bayreuth - 25.07.play_arrow

Bayreuth - 26.07.play_arrow

Bayreuth - 27.07.play_arrow


De Site vum Festival: http://www.bayreuther-festspiele.de/