Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Limbiq - I Sea You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Pépinière fir jonk Talenter

Festival

Eng Pépinière fir jonk Talenter

De Jugoslawien-Krich huet de kroatesche Pianist Drazen Domjanic an d’Schwäiz verdriwwen. Mëttlerweil ass hien Directeur artistique vun der Internationalen Musikakademie im Fürstentum Liechtenstein, eng Exzellenzschoul, déi héichtalentéiert jonk Museker fërdert an hinne mam Festival Next Generation ee Concertspodium bidd. De Guy Engels war bei der 6. Editioun derbäi.

auto_stories

6 min

D'Prouwe virum Ouvertures-Concert (© Festival Next Generation)

Bad Ragaz ass eng verdreemten, roueg Stiedchen am Dräilännereck Schwäiz, Éisterräich a Liechtenstein. De Rhäin ass hei nach ee bescheidene Floss, dee sech just emol opbléist wann de Schnéi an de Bierger schmëlzt. Op sengem Wee an de Bodensee heescht de grousse Waasserlaf vun de Romantiker Alpenrhein. E fiddert sech vun deene selwechte Biergquellen, déi aus Bad Ragaz een internationalen Thermalzentrum gemaach hunn. A well zur Wellness Kultur a Musek ganz gutt passen, huet sech 2011 de Festival Next Generation an der Kurstad etabléiert.

Den Drazen Domjanic ass ee kroatesche Pianist, dee laang Joere Professer um Conservatoire zu Zagreb war an als Solist och Invité vum Festival um Schlass zu Buerglënster. De jugoslawesche  Biergerkrich uganks de 90er Joeren huet dëse Liewenswee stënterlech ënnerbrach. Den Drazen Domjanic war op emol een Exilant an der Schwäiz an huet sech missen als Barpianist duerchschloen. Du krut hien d’Chance, nees als Pianosproff am Liechtenstein ze schaffen.

Engagement fir déi Jonk

De Kontakt mat de jonke Museker huet en op d’Iddi bruecht, ee Verlag mat didakteschem Material opzebauen. Lues a lues huet den Drazen Domjanic sech ëmmer méi intensiv mat der Fërderung vun héichtalentéierte Museker beschäftegt. Aus dësem Engagement fir déi Jonk ass 1996 am Fürstentum Liechtenstein d’Stëftung Musik und Jugend entstanen. Et goufe Meeschtercoursen organiséiert, déi schliisslech 2011 d’Basis vun der Internationalen Musikakademie im Fürstentum Liechtenstein waren. D’Akademie proposéiert intensiv Aarbechtswoche mat renomméierten Dozenten. Am aktuelle Schouljoer sinn dat d’Geiistin Anna Chumachenko, den Cellist Jens Peter Maintz, de Pianist Pavel Gililov an de Flüttist Philippe Bernold.  Op d’Resultater, déi d’Stipendiate vun der Akademie alleng 2015 erreecht hunn, ass den Drazen Domjanic nach ewell houfreg. „Eis Studenten hunn éischt Präisser fir Cello beim Tschaikowsky-Concours, beim Sibelius Geieconcours, beim Beethoven Pianosconcours, beim Concours fir Flütt zu Prag a fir Braatsch zu Tokio gemaach.“

„Mir wëlle keng Fachidioten zillen“, seet den Administrateur vun der Internationalen Musikakademie im Fürstentum Liechtenstein, den Drazen Domjanic. D’Course fokusséiere sech net nëmmen op d’Musek mee op ganz vill aner Aspekter, déi an enger Carrière eng wesentlech Roll spillen.

Wéi maachen ech dee richtege Marketing? Wéi presentéieren ech mech an Interviewen? Wéi leeën ech mech u fir Concertsengagementer ze kréien a Sponsoren ze fannen? Vill Wäert gëtt och op d’Gesondheet geluecht - op déi richteg Kierperhaltung, fir d’Muskulatur net onnëtz ze belaaschten, an op déi richteg Ernährung. Een anert Thema ass den Opbau vum Repertoire, de Choix vun de Stécker. Wéini sinn ech prett fir bestëmmte Wierker?

Besonnesch bei dëse Froe si Konflikter mat den Elteren an dem Entourage vun deene jonke Museker net ëmmer ze vermeiden. Net siele mussen si nämlech duerhale fir d’Ambitioune vun den Erwuessenen ze realiséieren. D’Akademie geet domadder ganz pragmatesch ëm. „Mir hunn nach ni Schüler heem geschéckt, awer schonn dacks Elteren.“

Ee Concertspodium

Mam Festival Next Generation zu Bad Ragaz huet d’Internationale  Musikakademie im Fürstentum Liechtenstein ee Concertspodium geschaf wou hir Stipendiate sech dem Public presentéiere kënnen.

14 Concerte stoungen um Programm vun der Editioun 2016, an et däerf ee scho paff sinn, iwwert déi enorm Musikalitéit. Awer och iwwert déi enorm Selbstverständlechkeet, mat där déi jonk Museker optrieden. Déi meescht vun hinne si knapps aus der Pubertéit an nach net emol groussjäereg. An awer hu se scho jett opweises, wéi de Pianist Aaron Pilsan, deen 2014/2015 „Rising Star“ vun den europäesche Concertsheiser war an an deem Zyklus och an der Philharmonie opgetrueden ass.

Ganz interessant war och den Ënnerscheed z'erliewen tëscht der asiatescher Schoul, déi sech virun allem iwwert Technik definéiert, an der europäescher Traditioun. Den Drazen Domjanic, Directeur artistique vum Festival Next Generation, formuléiert déi Differenz esou: “Bei deenen enge geet et ëm Drill, ëm d’Fleeg vum Ego. Bei deenen aneren éischter ëm d’Léift fir d’Musek an d’Loscht, zesummen ze musizéieren.“

Ensemble Swing Kids

Déi sozial Funktioun vun der Musek gehéiert zum deegleche Liewe vun de Stipendiaten. Si wunne während den Aarbechtswochen op der Akademie zesummen a spillen a klengen an a grousse Formatioune mateneen. Mam Ensemble Esperanza – den Numm ass Programm – ënnert der Leedung vun der Geiistin Chouchane Siranossian huet de Festival en eegenen Ensemble opgebaut, dee sech duerch eng enorm musikalesch Kohäsioun a Kommunikativitéit auszeechent.

Eng ganz aner Faarf huet dëst Joer och den Ensemble Swing Kids an de Festival bruecht  – Teenager, déi mat Kënnen, Begeeschterung an ouni déi geréngste Schei viru fräien Improvisatiounen de Public matgerappt hunn. Och si sinn Next Generation op engem ganz héije level. An dat ass de Prinzip vun der Exzellenzfërderung vun der Internationalen Musikakademie im Fürstentum Liechtenstein, seet den Administrateur Drazen Domjanic.

Discovery Award

D’International Classical Music Awards – ee Gremium, wou och de Radio 100,7 Member ass – hu sech dësem Projet ugeschloss an zesummen mat der Akademie aus dem Fürstentum een neie Präis gestëft: den Discovery Award. Éischte Laureat ass den Nikolai Song, ee 14järegen Flüttist vu Singapur.