De Gustavo Gimeno, de Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, huet säi Kontrakt bis 2025 verlängert. Dat hunn d'Kulturministesch Sam Tanson, de President an Direkter vun der Philharmonie, Pierre Alhborn a Stephan Gehmacher, an de Maestro kuerz virum Concert mat der Geiistin Patricia Kopatchinskaja annoncéiert.
De Gustavo Gimeno bleift Chefdirigent vum OPL. Foto: Archiv
2015 hat dee gebiertege Valencianer d'Successioun vum Emmanuel Krivine un der Spëtzt vum OPL iwwerholl. Mam Gustavo Gimeno hat den Orchester bewosst ee jonke Chef engagéiert, deen eng nei Etapp an der musikalescher a programmatescher Weiderentwécklung sollt alauden.
Den aktuelle Kontrakt mam Gustavo Gimeno, dee vun der Saison 2020/2021 un och Music Director vum Toronto Symphony Orchestra ass, wier bis 2022 gelaf.