Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bohuslav Martinu: eng Rees vu Policka op Paräis

Komponist vum Mount

Bohuslav Martinu: eng Rees vu Policka op Paräis

Opgewuess ass hien an engem Tuerm, zu Polick an der haideger tschechescher Republik. Mee vun do aus, ass et bis an déi grouss Welt gaang, mat groussem Talent an der Täsch. Als Geiist, Professer fir Gei a spéider Komponist huet hien sech e Numm gemaach. Guy Engels / ckl

auto_stories

4 min

De Bohuslav Martin ass ënner anerem de Komponist vun der Tschechescher Rhapsodie

1923 zu Paräis, de Bohuslav Martinu ass endlech un der Seine. Et war schonn ëmmer säin Zil, déi franséisch Haaptstad ze erliewen, dat wibbelegt Museksliewen ze spieren, sech an der kënschtlerescher Bohème ze beweegen. Dat huet eigentlech guer net zu sengem Charakter gepasst. De Martinu war een éischter scheie Mënsch, dee sech am wuelste gefillt huet, wann en eleng war.

Zu Paräis war esou ee Liewen am Tuerm net méiglech. Wéi ee Rabonzel huet de Komponist  seng  Kandheet op 40 Meter Héicht an engem Klackentuerm verbruecht. 1845 war seng Heemechtsstad Policka, dat an der haideger tschechescher Republik läit, duerch ee Feier zerstéiert ginn. Duerops gouf decidéiert, ee Warnsystem géint sou Katastrophen ze installéieren. D'Plaz vum Wiechter krut 1889 de Ferdinand Martinu, de Schouschter vun der Stad. Ee Joer méi spéit gëtt säi Fils Bohuslav am Tuerm gebuer.

Eng Kandheet am Tuerm

Policka ass eng kleng awer net onbedeitend Stad a Mähren. Sie louch am Mëttelalter un der grousser Handelsstrooss vum Orient iwwert Donau an d’Elbe a weider an d’Nordsee. Vum Geschäftsliewe krut dee klenge Bohuslav net vill mat. Seng Spillplaz war de Balkon vum Tuerm, wou en d’Welt do ënne just am Klenge gesinn huet. De Komponist huet sech spéider selwer gefrot, ob a wéi d’Liewen am Tuerm sech op seng Musek ausgewierkt huet. Virun allem d’Landschaft huet de Martinu impressionéiert. „A menger Musek spillen d’Landschaft an d’Natur eng Roll, net d’Mënschen“, notéiert de Bohuslav Martinu.

Zu Policka hunn d’Volleksmusek an d’Kierchemusek den Alldag begleet an de Bohuslav Martinu natierlech och kënschtleresch sozialiséiert. En huet Gei bei engem Schoulmeeschter geléiert. An obschonns seng Eltere ganz séier säi grousst Talent erkannt haten, hunn se hire Fils ni als Wonnerkand behandelt. An der Schoul war de Bohuslav Martinu där nämlech keent. En huet sech schwéier gedoe mam Léieren. E puer Joer drop ass hien esouguer zu Prag vum Conservatoire geflunn – „wegen unverbesserlicher Nachlässigkeit“.

Eng Jugend zu Prag

En hat ugefaange Gei ze studéieren, allerdéngs ouni deen néidegen Äifer. Prag war fir de jonke Mann aus der mährescher Provënz een enorme Schrëtt: eng  bikulturell Stad, wou d’Elitten aus der Administratioun däitschsproocheg waren, déi Einheimesch tschechesch geschwat hunn. Nationalistesch Tendenzen an d’Autoritéite vun der Habsburger Duebelmonarchie si sech méiglechst aus de Féiss gaangen.

An deem Ëmfeld huet de Bohuslav Martinu sech duerchgeschloen a sech vrun allem op seng Musek konzentréiert. Et kommen éischt Kompositiounen an Encouragementer vum Josef Suk, dem Dvorak sengem Eedem.

Gustav Mahler, Richard Strauss – déi grouss Komponisten-Dirigente sinn zu Prag passéiert an hunn hir Wierker presentéiert. Ee besonneschen Ament war fir de Bohuslav Martinu eng Opféierung vum Claude Debussy sengem „Pelléas et Mélisande“ – eng Erfahrung, déi hie musikalesch nohalteg geprägt huet. Vrun allem dem Debussy säi fräien Ëmgang mat musikalesche Regelen huet him Gefall. „Fir den Debussy ass d’Musek selwer Gesetz“, schreift de Bohuslav Martinu.

Eng Éiereronn fir de Staatsexamen

Hien ass déi Zäit Geiist an der tschechescher Philharmonie  an och Professer fir Gei. Och dës Engagementer sinn net ouni Krämpes iwwert d’Bühn gaangen. Den éischte Staatsexamen an der Gei hat de Martinu – dee manifestement eng Aversioun géint den akademesche Betrib hat – an de Sand gesat. Den zweeten Essai 1912 war dee gudden. Als Orchestermuseker léiert en och vill zäitgenëssesch Musek kennen, Wierker wéi dem Schönberg seng „Verklärte Nacht“, déi den Iwwergang an dat neit Jorhonnert marquéieren.

Déi grouss Zäsur mécht den Éischte Weltkrich, deen déi geopolitesch Donnéeë komplett verännert. De Martinu huet dovunner net vill matkrut. En hat sech op Policka zeréckgezunn.  Aus den nationalisteschen Debaten huet e sech generell erausgehalen. Nach ewell konnt de Martinu sech net enthalen, wéi déi éischt Tschechesch Republik gegrënnt gouf. An der Euphorie komponéiert en 1919 seng Tschechesch Rhapsodie – dat Joer, wou en mat der Tschechescher Philharmonie op Paräis fiert. Endlech Paräis!

Lauschtert de Bäitrag vum Guy Engels mat Extraiten aus dem Bohuslav Martinu sengem Wierk: