Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verdreemtheet a Paranoia

Album vun der Woch

Verdreemtheet a Paranoia

Musikalesch, grad wéi textlech geet et am Dave Heumann sengem Soloprojet "Here In The Deep" ëm de Mënsch a seng Relatioun zur Ëmwelt, also zu anere Mënschen grad wéi zur Natur. Un der Liichtegkeet vum Sound erkennt een dem David Heumann seng Freed un dësem Album.

Tom Dockal / po

auto_stories

3 min

(©dave_heumann/instagram)

Den Dave Heumann, Frontmann an "Alpha-Stoner" (Zitat Spex) vun der Rockband Arbouretum aus dem amerikanesche Baltimore, huet sech no gefillte jorelaange Gittaresoli (lauschtert iech z.B. der Band hir 54-Minutte-Versioun vum "Velvet Underground"-Klassiker "Sister Ray" un), mat senge Bandmemberen dozou entscheed, no fënnef Disquë bei "Thrill Jockey" eng Kreativpaus anzeschloen. Laang huet den Heumann et a senger selwer operluechtener Rouphase net gepackt. A mat "Here In The Deep" zerwéiert hien elo säin éischte Soloeffort.

Maach dat den Disque um Pabeier e Soloprojet ass. Mee den Heumann ass, ewéi iwwregens 99 Prozent vun alle Solokënschtler, vu Museker ëmkreest. Mat u Bord sinn de Walker Teret vu "Lower Dens", de Perkussionist Mike Kuhl an déi wonnerbar Jenn Wasner vu "Wye Oak", dat sech iwwregens ni ze schued ass, fir regelméisseg bei Bands a Museker auszehëllefen.

Waarme Mix vum John Parish

Wichteg z’ernimmen ass awer och nach den Här um Mëschpult. An zwar de John Parish, deen ënnert anerem Laangzäitkollaborateur vum PJ Harvey ass. Ouni hie wier de leschte PJ-Album Let England Shake net dat, wat e ginn ass. Och hei op "Here In The Deep" ass dem Parish säi waarm-déiwe Mix eraus ze héieren, deen a senger "Walden-esk"-naturalistescher Kloerheet esou nach net op engem Arbouretum-Album ze héiere wor. Ma och textlech geet et ëm de Mënsch a Zesummenhang mat senger Ëmwelt, sief dat elo mënschlecher oder grénger Natur.

Dem David Heumann ass d'Freed unhand enger latenter Liichtegkeet am Sound unzehéieren. Drone a Fuzz sinn nach ëmmer Bestanddeel vu sengem Sound, ma d'Effekter begleeden hei méi, wéi datt se bis hanne widder opgedréint sinn an eng véirel Stonn duerch brätschen. Et sinn op dësem Americana-Album d’Detailer, déi him a senge Museker Freed maachen. Um verdreemten "Holly King On A Hill" gëtt eng akustesch Gittar enger hannerzech spillender elektrescher Gittar géigeniwwer gestallt.

D'Joer ausklénge loossen

Dat Zesummespill aus Verdreemtheet a Paranoia wor schonns laang net méi esou schéin. A wien hätt geduecht, datt mam Song "Ides Of Summer" R.E.M. nees géifen op erliewen. An do dertëscht nach mol séier de Standard Greenwood Side eragedréckt, dee vu Joan Baez, Pentangle, Judy Collins a ville méi opgeholl ginn ass. Do kënnt dann d’Jenn Wasner um Gesang mat an d’Spill. Ganz flott. An bis op eng Ausnahm sinn d’Tracks och all dräi bis véier Minutte laang, wat bei Arbouretum soss d’Ulafszäit fir e Lidd ass.

Den Disque iwwerzeegt och zum Deel dowéinst, well en all dëst esou locker-casual zerwéiert. Den Heumann erfënnt d’musikalesch Rad wierklech net nei, mee "Here In The Deep" ass esou ronn, dat ech mer grad näischt besseres kéint virstellen, fir d’Joer auskléngen ze loossen.