Radioen

On air

Notturno  |  Anna Mieke - Twin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lidder, déi ootmen

Damien Jurado - What's New Tomboy?

Lidder, déi ootmen

De Singer-Songwriter vu Seattle ass an der Lescht nees schéi produktiv. Den Damien Jurado huet sech 2018 an 2019 mat neien intime Placken zeréckgemellt, a leschte Freideg, den 1. Mee, ass dunn déi nächst "What's New Tomboy?" erauskomm.

auto_stories

3 min

25 Joer ass den Damien Jurado mëttlerweil mat senger Musek ënnerwee. Et kéint een hien esou lues als Indie Veteran bezeechnen. Zanter dem 1. Mee huet hien elo 15 Alben um Bockel. Iwwer d'Joren huet hie mat senger onheemlech zerbriechlecher Stëmm allerhand simpel Geschichten gezielt.

Op dat Wesentlecht reduzéiert

Op "What's New Tomboy?" sinn nees kuerz a knapp Meditatiounen iwwer den Alldag ze fannen, déi ganz onscheinbar an d'Ouer fléissen. Den introvertéierte Singer-Songwriter huet sech déi Kéier, wéi meeschtens, op dat Essentiellt reduzéiert. Et gi Saachen a Mënschen, séngt hien op "Alice Hyatt". Relatiounen an Eegenschafte feelen an dëser Metaphysik, an d'Protagoniste wanderen a senge Lidder meeschtens och e bësse beduselt a lassgeléist doruechter.

Den Damien Jurado huet sech eegenen Aussoen no vum Materiellen an der Lescht getrennt. Säin Haus huet hie radikal ausgeraumt, heescht et. An d'Lidder sinn deementspriechend fräi vun Exzess a Krom.

Wou "The Horizon Just Laughed" vun 2018 mëttel-grouss orchestréiert war, an "In the Shape of a Storm" d'lescht Joer ganz spartanesch, ass dem Damien Jurado säin neiste Wierk eppes dertëscht.

Zanter dem Doud vu sengem gudde Kolleeg a musikalesche Guide, dem Richard Swift, am Summer 2018, huet de Singer-Songwriter haaptsächlech mam Josh Gordon zesummegeschafft. Dësen ass den eenzege Museker, deen een nieft dem Damien Jurado um neien Album héiert.

Eng wotlech Oweslëftchen

"What's New Tomboy?" ass vum Mix hier zimmlech koppeg. De Reverb, deen op sengen Aarbechte mam Richard Swift ëmmer esou zentral war, feelt déi Kéier op der Stëmm. D'Vocals sinn iwwerdeems immens am Virdergrond, grad wéi de Bass, deen déi akustesch Gittar esouguer vun der Lautstäerkt iwwertrëfft.

Dem Josh Gordon säi Spill am déiwe Regëster begleet dem Damien Jurado säi Gesang, wéi en alen häerzege Kolleeg. An déi dezent Uergel, de Mellotron oder Rhodes kommen engem wéi eng wotlech Oweslëftchen entgéint. Déi zéng Lidder ootme richteg. Vun den Texturen hier, a wéi de Mann vu Seattle esou wonnerbar pëspert.

De Geescht vum Richard Swift schwieft weiderhin duerch dem Damien Jurado seng Musek. Hien trauert dësem Verloscht nach ëmmer no. D'Lidd "Ochoa" ass sengem verstuerwene Kolleeg gewidmet.

Ochoa war dem Swift säi richtege Familljennumm. Déi nei musikalesch Partnerschaft mam Josh Gordon wäert deen eenzegaartege Lien mam Swift net ersetzen, mee se ass och ganz natierlech.

Musek, fir sech vun der Welt ofzekapselen

Mat senger onkomplizéierter Manéier an där réi an emotioneller Stëmm kritt den Damien Jurado een ëmmer lues awer sécher ëm de Fanger gewéckelt. Hie seet zwar, datt op dëse Lidder sech net verstoppt gëtt.

An awer kënnt d'Musek engem vir, wéi wann ee sech zeréck an d'Bett leet fir sech ënner dem Diwwi vun der Welt ofzekapselen. A senger subtil an ënnerdriwwener Konscht fillt ee sech gebuergen, an et fënnt ee genuch Plaz fir ze dreemen.