Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sopranistin Julia Lezhneva mat Raritéiten

Arie vum Carl-Heinrich Graun

D'Sopranistin Julia Lezhneva mat Raritéiten

"D'Cecilia Bartoli war meng Inspiratiounsquell", seet d'Julia Lezhneva an engem Interview mat der "Zeit". Dat war viru véier Joer. Antëscht ass déi russesch Sopranistin selwer eng vun deene groussen Interpretinnen, wann et ëm historesch informéiert Opféierungspraxis geet. Hiren neien Disque mat Arië vum Carl-Heinrich Graun ass de beschte Beweis dofir. Eis CD vun der Woch.

auto_stories

1 min

Nodeems de Carl-Heinrich Graun (1703-1759) eng Musek fir d'Fiançaillë vum spéidere grousse Fritz geschriwwen hat, war deen esou begeeschtert, dat en de Komponist stante pede engagéiert huet, mam Optrag, een neit Operenhaus zu Berlin ze grënnen.

De Graun huet sech op d'Rees an Italien gemaach, fir Sänger z'engagéieren an och ze kucken, wat musikalesch en vogue ass. Mat italienesche Sänger a Musek kënnt en zréck op Berlin. Am neien Operenhaus "Unter den Linden" féiert de Graun ronn 30 italienesch Operen op.

Virtuose Gesang

Et ass virtuos Vokalmusek, déi mer hei héieren. Technesch ass d'Julia Lezhneva irreprochabel. Si séngt déi schwieregst Passagë mat erstaunlecher Liichtegkeet a Selbstverständlechkeet. Et ass awer net nëmmen déi technesch Perfektioun, déi beandrockt, mä och d'Ausrockskraaft an d'Musikalitéit, mat deenen d'Julia Lezhneva déi ënnerschiddlechst Rolle verkierpert.

Carl Heinrich Graun: Opera Arias. Julia Lezhneva, Concerto Köln, Mikhail Antonenko. Decca