Philharmonie Philharmonie: D'Saison 2019/2020 ass eriwwer

Zanter gewosst ass, datt bis den 31. Juli keng grouss Manifestatiounen erlaabt sinn, gëtt et och fir d'Philharmonie Kloerheet: D'Saison 2019/2020 ass eriwwer, keng Concerte méi, kee Gebuertsdagsfest fir de 15. Anniversaire am Juni. Wat bedeit dat fir d'Concertshaus? Wat huet dës Decisioun fir Repercussiounen op déi nächst Saisonen? Wéi ass et Mëtt September mam Start an d'Saison 2020/2021?

ge / cz

Stephan Gehmacher
De Stephan Gehmacher kann am Ablack net soen, ob et eng regulär Saison 2020/2021 gëtt

"Ech sinn net erliichtert, mee mir hunn op d'mannst elo Gewëssheet." Esou huet de Stephan Gehmacher op d'Annonce regéiert, datt sämtlech grouss Manifestatioune bis den 31. Juli ofgesot sinn, an domadder och déi aktuell Saison vun der Philharmonie definitiv eriwwer ass.

Fir d'Concertshaus heescht dat am Ablack, Kontakt mat de Kënschtler an den Agencen ophuelen, fir d'Modalitéite vun engem Produktiounsausfall ze klären. "Déi meescht Kontrakter sinn esou, datt nëmme bezuelt gëtt, wann d'Manifestatioun och ass."Déi aktuell speziell Situatioun wier e Cas de force majeure", erkläert de Stephan Gehmacher. Nach ewell géif et Produktiounskäschte ginn, déi elo verluer wieren.

"Mir probéieren, konstruktiv Léisungen ze fannen, besonnesch fir d'Intermittents du spectacle", seet den Intendant vun der Philharmonie.

Nohuelen oder komplett sträichen

An der klassescher Musek gëtt ëmmer laangfristeg geplangt, zwee, dräi Joer am Viraus. Concerte vu groussen Orchesteren, déi hätte komme sollen, kéinte fréistens ëm 2022 iwwerhaapt nogeholl ginn.

Bei anere Projete schafft d'Philharmonie un alternative Léisungen. Dat gëllt zum Beispill fir d'Fest vum 15. Anniversaire, dat am Juni hätt solle grouss gefeiert ginn. "D'Serie Fräiraum, mat deene vill Projeten aus der Lëtzebuerger Musekszeen, gëtt op alle Fall nogeholl", betount de Stephan Gehmacher. E méiglechen Datum wier am September. Et kéint awer gutt sinn, datt d'Fest carrement op de Juni 2021 verréckelt gëtt.

Reprise vun den Orchesteraktivitéiten?

"Et gëtt wuel kaum en Job, wou ronn 100 Aarbechtskolleegen op esou enkem Raum zesumme sinn, wéi en Orchester." Fir de Stephan Gehmacher kënnt eng Reprise vun den Aktivitéite vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg nëmmen dann a Fro, wa sämtlech Gesondheetsrisiken ausgeschloss sinn.

"Mir sichen no Modeller, wéi ee lues a lues nees ufänke kann." Un Iddie géif et net feelen. Schonn elo maachen d'OPL-Museker Videoe vun doheem. Live-Stream a klenge Formatioune wier och eng Méiglechkeet.

Iwwer all déi Saache steet den Intendant vum Haus a stännegem Kontakt mam Chefdirigent, mam Gustavo Gimeno, an och mat de Museker. Wann dann den Orchester nees kéint zesummekommen, da géife fir d'éischt emol CD-Opnamen nogeholl, déi nach ausstinn.

Dat ass am Ament awer grad esou Spekulatioun wéi d'Fro, ob déi nei Saison 2020/2021 iwwerhaapt wéi geplangt Mëtt September ka lancéiert ginn.


Dee ganzen Interview mam Stephan Gehmacher kënnt Dir e Méindeg, 20. Abrëll tëschent 14 a 15 Auer an der Emissioun Resonanzen héieren.

Méi zum Thema

Visuel Online.jpg
Musek

Duerch d'Quarantän läit d'Chouerliewe mat senge Prouwen a Concerten den Ament brooch. Dofir proposéieren den INECC an de radio 100,7 eng Alternativ, bei där all begeeschterte Sänger matmaache kann.

Prokofjew
Komponist vum Mount

De 5. Mäerz 1953 stierft de Serge Prokofjew. Bal kee kritt eppes dovu mat, well de Stalin dee selwechten Dag gestuerwen ass. Haut ass de Prokofjew ee vun de grousse Klassiker vum 20. Joerhonnert.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen