Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Musikbühne Saar live

Concert

D'Musikbühne Saar live

Zesumme mam SR3 presentéiert de radio 100,7 de Sonndeg 27. November um 19:00 d'Musikbühne Saar live am Trifolion. Zwou lëtzebuergesch Bands, mä och eng Formatioun aus dem Saarland stinn um Programm. Wat ass d'Iddi hannert der Musikbühne a wéi ass d'Saarland musikalesch opgestallt. E Gespréich mat der SR3-Animatrice Susanne Wachs.

auto_stories

2 min

Jazzband vun der Iechternacher Museksschoul. Foto: Pierre Faber

Fir d'éischte Kéier presentéiert de radio 100,7 zesumme mam saarlännesche Radio SR3 d'Musikbühne Saar live aus dem Iechternacher Trifolion. Op der Bühn stinn esouwuel Lëtzebuerger Formatiounen - "The Duke's Singers" an d'Jazz Bigband vun der Iechternacher Museksschoul - an déi däitsch Band "Three Times a Lady". Mee wat ass iwwerhaapt d'Iddi hannert der Musikbühne Saar?

D'Musikbühne ass eng regelméisseg Emissioun op der SR3 Saarlandwelle - si leeft all Sonndeg tëscht 19:04 an 20:00 - erkläert d'Animatrice Susanne Wachs, déi d'Show moderéiert. Zwee bis dräi Mol d'Joer gëtt d'Busikbühne live mat engem Concert mat dräi Ensembelen iwwerdroen. "Dat kënnen Orchesteren, Solisten, Chéier, Bigbands, Vocal Ensembelen oder Bands sinn." Wichteg wier, datt dës Ensembele live gutt géife spillen a sangen. "Dat kënnen der an eiser Regioun awer vill", betount d'Susanne Wachs.

Susanne Wachs. Foto: Pasquale D’Angiolillo

E musikalescht Bundesland

D'Saarland huet der Susanne Wachs no musikalesch vill ze bidden a wier breet opgestallt. Vu Chéier, déi am saarlännesche Chouerverband regroupéiert sinn, iwwer de Landesjazzorchester an de Landesjugendchouer bis hin zu SingerSongwriteren, A-Capella-Formatiounen, Musicalensembelen a Museksschoulen. De "Bund saarländischer Musikvereine" géif dernieft d'Orchesteren aus der Regioun vereenegen, esou d'SR3-Moderatorin.

Si selwer ass awer net nëmme frou mat der Musek aus der Regioun, mee d'Moderatorin huet eng grouss Leidenschaft fir franséisch Chansonen. Datt si Franséisch schwätzt, erliichtert hir d'Aarbecht: Mat der Musikbühne géifen nämlech net nëmme saarlännesch Formatiounen eng Plattform fannen, mee och Gruppen aus der Groussregioun, verréit d'Susanne Wachs. Esou hat si zum Beispill ufanks dës Jores eng Gypsy-Jazz-Formatioun aus der Lorraine bei sech am Studio. "D'Interviewe mat hinnen hunn ech du live iwwersat."

Zesummenaarbecht mam radio 100,7

D'live Emissioun de 27. November am Trifolion moderéiert d'SR3-Moderatrice zesumme mam 100,7 Programmchef Claude Mangen. "Ech freeë mech immens op eis éischt Emissioun zesummen", ënnersträicht d'Susanne Wachs. Iwwer de Programm verréit si esou vill: E stëmmt op Chrëschtdag an ...


D'Musikbühne, de 27. November live am Trifolion zu Iechternach. Den Entrée ass fräi: Reservéiert Är Plazen um: 440044-1.

D'Emissioun gëtt live iwwerdroen: Um radio 100,7 an op der SR3 Saarlandwelle.