Radioen

On air

De Weekend  |  Æm - City Ties

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Lidd diktéiert, wat et brauch"

Americana

"D'Lidd diktéiert, wat et brauch"

Den Joey Burns vu Calexico schwätzt am Interview iwwer d'Zesummenaarbecht mat Iron & Wine, déi variéiert Instrumentatioun vum Grupp vun Tucson, an d'Frëndschaft tëschent zwou Americana-Gréissten.

auto_stories

2 min

"Years to Burn" ass déi zweet Collaboratioun tëschent Calexico an Iron & Wine. Déi éischt geet op 2005 zeréck. Iwwer d'Zäit géifen déi zwee Acts sech méi wuel an hirer Haut spieren an d'Vertraue wier gewuess, esou den Joey Burns, ee vun den Haaptkäpp vu Calexico.

"Am kreative Prozess vertraue mir der Ongewëssheet méi." D'Band vun Tucson am Arizona géif de Studio als Fënster fir Musek ze schreiwen an opzehuele gesinn. Iron & Wine wier dogéint méi traditionell. De Sam Beam géif fäerdeg Iddien a Lidder scho mat op den Treff bréngen.

"Years to Burn" ass a véier Deeg zu Nashville mat enger Live Band entstanen. Déi Kéier mat enger ofgespeckter Versioun vu Calexico. Nëmmen dräi Membere waren dobäi, nieft deenen dräi vun Iron & Wine. Et wier haart gewiescht net jiddwereen an dëse Projet mat anzebannen, esou den Joey Burns. "Et huet awer am Studio gehollef manner Variabelen ze hunn, méi minimalistesch un d'Aarbecht erunzegoen".

Méi Instrumenter

Iwwer d'Joren huet sech nämlech d'Instrumentatioun bei Calexico däitlech vergréissert. D'Band incorporéiert divers Aflëss aus dem Süd-Weste vun den USA an hirer Musek. Vu Mariachi bis Tejano Influenzen.

De Sam Beam vun Iron & Wine huet Calexico emol als musikalesch Anthropologe beschriwwen. Dem Joey Burns säin neien Dada ass déi portugisesch Gittar. Déi kritt ee vläicht op der nächster Calexico Plack ze héieren. "Ech hoffen, datt Musek an de musikaleschen Dialog tëschent verschidde Leit a Kulturen zu méi Oppenheet féiert." Years to Burn wier an deem Sënn eng intuitiv an natierlech Plack tëschent Kolleegen.

Calexico an Iron & Wine spillen de 6. November 2019 hei zu Lëtzebuerg am Atelier.