Radioen

On air

Notturno  |  Gilles Grethen Quartet - Stars And Asteroids

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Freed um Vergiessen

Allegra Krieger - The Joys of Forgetting

D'Freed um Vergiessen

"The Joys of Forgetting" heescht der Allegra Krieger hiren Debut. Déi amerikanesch Singer-Songwriterin verschafft d'Iddi, datt d'Vergiessen heiansdo eng gutt Saach ka sinn.

auto_stories

3 min

D'Allegra Krieger ass trotz hirem jonken Alter scho vill uechter d'USA gereest. An engem Motel am Death Valley huet si als Haushälterin geschafft. Am Georgia huet si Beem geplanzt, heescht et am Pressecommuniqué.

Eng Transitioun an eng nei Liewensphas

Ursprénglech aus dem Florida ass si elo zu New York. "The Joys of Forgetting" hält eng Transitiounsperiod an eng nei Liewensphas fest, wou d'Vergiesse souzesoen eng karthagesch Roll ka spillen.

D'Lidder hu sech iwwer déi lescht Jore geformt, wärend Concerte weiderentwéckelt, bis se virun e puer Méint eenheetlech dokumentéiert goufen.

D'Performance op der Bün spieren

Bei Liveoptrëtter géif ee mierken, wéi eng Lidder am beschte funktionéieren, zielt d'Sängerin. Si mécht dat dorunner fest, wéi d'Publikum reagéiert oder wéi d'Performance vum Stéck sech ufillt. Den Album wier eng Kollektioun vun deene Lidder, déi sech live am beschten ugespuert hunn.

Live ass d'Allegra Krieger meeschtens als Quartett ënnerwee. Op hirem Debut sinn allerdéngs sëlleg aner Museker nach ze héieren. E Sträichsextett verleet Stécker wéi "Welcome" oder "I'm Gonna Drive" eng besonnesch Dynamik.

Vun den Arrangementer hier gouf sech un d'Aarbecht vun der Judee Sill inspiréiert. Eng tragesch kalifornesch Folk-Musekerin, déi 1979 un enger Iwwerdosis gestuerwen ass.

De reliéisen Afloss

A béide Musekerinnen hire Wierker a Liewen ass och eng staark reliéis Komponent bemierkbar. Der Judee Sill hir Musek ass spirituell a mystesch an d'Allegra Krieger ass an enger staark reliéiser Famill opgewuess. D'Musek hätt am Laf vun der Zäit d'Roll vum Glawen an hirem Liewen ugeholl, zielt d'Allegra Krieger.

"Si huet d'Katharsis ersat, déi vum Vertrauen a Gott kënnt. Gleeweg sinn, an d'Kierch goen, d'Gefill, datt ee seng Laascht erop an den Himmel ka setzen. Schreiwen ass op eemol souzesoe ganz reliéis ginn. Live spillen, dee Moment wierklech an der Musek ze sinn, huet sech fir mech och iergendwéi helleg ugespuert."

Hir reliéis Erzéiung géif sech och ëmmer méi an hiren Texter bemierkbar maachen, seet d'Allegra Krieger. D'Spiritualitéit an der Routine, an hire Bezéiungen an Observatiounen zum Beispill. Anescht wéi d'Judee Sill bleift si an hiren Texter allerdéngs direkt.

Komplex Emotiounen

Aktuell schafft d'Musekerin un engem neie Wierk. Déi zwee Féiss bleiwe weiderhin nach iergendwéi um Buedem. An hirem neien Album fokusséiert d'Spiritualitéit sech op dat alldeeglecht Liewen als Mënsch, zielt d'Allegra Krieger.

"All déi banal Saachen, déi mer musse maache fir ze iwwerliewen, iwwerdeems d'Klimakris sech weiderentwéckelt. Et gëtt souvill Onrou, et ass alles zimmlech komplex a mer fillen all komplex Emotiounen."

An hirem nächsten Album géif et drëms goen, wéi si dat alles spiert, zielt d'Allegra Krieger.