De Bassist Mateusz Wojda an de Batteur John Wolter kennen sech schonns zanter si zesummen d'Rhythmussektioun vun der Punk Band "All The Way Down" assuréieren. Allebéid si si ëmmer fir eng Kollaboratioun ze hunn, an dat lescht Joer huet si d'Loscht gepaakt, mol erëm eppes mat Hip-Hop ze maachen.
Do koum de Bobby Bieles an d'Spill. Den 100,7-Hip-Hop- a Sample-Expert huet Klassiker vum Genre zanter den 80er zesummegesicht, déi déi dräi Museker de Samschdeg den Owend op der Bün vum Gudde Wëllen an der Uewerstad live spille wäerten.
Iddie sammelen, Tracks hin an hier schécken, Prouwen, an e puer Méint méi spéit war ee Set vun zwou Stonne prett. Mam Bobby un den Decks an dem Ragga a Maddy op live Beats a Basslines gëtt et deemno punchy Musek fir ze danzen, an dëst mat esou munchem Favorit aus der Hip-Hop-Geschicht, mee och R&B a Funk op de Boxen.
D'Bobby Bieles Live-Band spillt de Samschdeg, 22. Januar 2022 am Gudde Wëllen. D'Diere ginn ëm 20 Auer op.