search

/ D'Anina Rubin ass d'Gewënnerin 2021

Quattropole-Musekspräis

|
headphones

3 min

D'Anina Rubin ass d'Gewënnerin 2021

D'Anina Rubin ass d'Gewënnerin vum Quattropole Musekspräis 2021. De gemeinsame Musekspräis vun de véier Stied - Tréier, Saarbrécken, Metz a Lëtzebuerg - ass gëschter Owend an de Rotonden ausgezeechent ginn. E Musekspräis mat Fokus op digital Technologien an Innovatioun.

headphones

3 min

De Jury gouf vun der lëtzebuergesch-däitscher Kënschtlerin hirer Originalitéit an Authentizitéit an hirem Museksstéck "Mit dem Mond im Gesicht" iwwerzeegt. D'Anina Rubin huet heifir op 3D-Audiotechnologie zeréckgegraff fir en experimentelle Collage vu Gesang, Perkussioun, Synthesizer an diversen Opnamen ze gestalten. Den Jamie Reinert huet sech mat der Kënschtlerin no hirer Performance ënnerhalen.

Jamie Reinert: Anina Rubin, Kläng fléien engem wéi an engem Karussell ëm d'Oueren, eng mysteriéis Geschicht ëm Luucht an Däischtert gëtt gezielt, düster Biller ginn op zwou Leinwänn projezéiert. Wat ass "Mit dem Mond im Gesicht"?

Anina Rubin: Et ass e Museksstéck iwwer eng Protagonistin, déi sech am Fong an enger Welt verléiert, an där et ganz vill eenzel Deeler ginn. Herno léist sech déi Séil dann och an déi eenzel Deeler op.

D'Experienz hëlt ee wierklech an, et ass eppes, wat ee seelen erlieft. Och wéinst der Technologie, déi benotzt gëtt, nämlech Ambisonics. Kéints de eis erklären, wat dat fir den Nolauschterer, respektiv Zuschauer deen Ament bedeit?

Ambisonics ass eng Aart fir Klang ze verraimlechen. Et gi verschidden Aarten Audio 3D eriwwer ze bréngen. Ech si vun Ambisonics begeeschtert, well een déi relativ einfach an all Venue kann ëmsetzen. Et erstellt ee mat Lautsprecheren eppes ewéi e Klangdom, sou datt den Nolauschterer vun de Kläng ëmwéckelt gëtt.

Wéi bass de un dëse Projet erugaangen? Fir de Choix ze maachen, an dann och wou ee se am Raum placéiert? D'Méiglechkeete si jo deen Ament onendlech.

Jo, d'Méiglechkeete sinn onendlech, duerfir fannen ech et och esou flott an där Manéier mat der Technologie ze schaffen. Fir mech ass villes, wat ech schreiwen u Musek, eng Geschicht. Wann d'Iddi kënnt, ass se scho prett fir vermëttelt ze ginn.

Fir mech ass Villes visuell. Ech gesi Kläng, an da gesinn ech och direkt eng Séil dozou, oder eng Faarf, oder eppes ganz Abstraktes. An da weess ech och schonn direkt "ah dat geet vun do, déi kënnt vun do, do kënnt en Delay", an esou virun. Soubal de Charakter am Kapp als Klang entsteet ass en am Fong schonn esou am Raum, a weess genee, wou e muss stoen, a wéi e sech beweegt.

Ass d'Ambisonics-Technologie eppes, mat deem s du dech elo scho méi wuel spiers?

Ganz séier fänkt een u sech drun ze gewinnen. Fir mech war dat emol esou, datt ech guer net méi geduecht hunn "dat ass e Museksstéck, dat fänkt elo do un, hält do op a mécht déi Entwécklung".

Et war fir mech ganz séier esou e Storytelling. Ech kann och elo guer keng Musek méi schreiwen, déi nëmme linear verleeft. Et ass wéi wann een op eemol méi Buschtawen, méi Wieder huet fir eng Geschicht ze erzielen. Wann een déi bis huet, kann ee e keng Geschicht méi ouni dës zielen.

Wat erhoffs du dir vum Spectateur, deen op eng Performance vun "Mit dem Mond im Gesicht" kënnt?

E soll sech kënnen drop aloossen. Dat ass mengen ech dat Wichtegst. Datt een einfach emol seet, hei ass eng Welt déi ech soss vläicht net begéinen, datt ee sech dofir opmécht. Ech meditéiere ganz vill, maache ganz vill Reesen a mäin Onbewosst an d'Onbewosstsinn vun der Mënschheet soen ech emol esou. Kucken op Plazen, wou een am Alldag vläicht net direkt hikuckt.

Et ass mir dann och wichteg, datt d'Leit sech kuerz deen Ament och opmaachen, fir hir eege Schied, déi een a sech dréit, fir déi emol fir e Moment ze kucken. Well ech déi Welt net ausliewen, bedeit et net dass et keng Wouerecht ass. Ech fannen et einfach schéin, wann een engem eng Perspektiv ka ginn, déi emol anescht ass.