Nei um radio 100,7 Crazy Quarantine Sessions: Kollaboratioun a Qualitéit héichhalen

Bei de Crazy Quarantine Sessions diffuséiere Museker vun doheem aus Concerten iwwer den Internet. Et gëtt ee sech awer net mat der Qualitéit vun engem Smartphone zefridden; d'Musek gëtt ënner beschtméigleche Konditiounen opgeholl a gemixt. A vun dësem Samschdeg u kann een dës Sessions och um Radio héieren. De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren d'Emissioun a si Co-Initiatore vum Projet.

Yves Stephany

Pol Belardi a Pit Dahm

D'Kollaboratioun tëschent verschiddene Museker ass dat wichtegst fir d'Initiateure vum Projet. "Fir all Session definéiere mir en Invité. Deen huet d'Hand iwwer de Programm vun där Session", seet de Pol Belardi. Den Invité géif zum Beispill definéieren, ob eege Stécker gespillt ginn, oder Reprisen, an ob aner Museker bei der Session géife matspillen.

D'Museker géife sech doheem ophuelen an déi Pisten un d'Ekipp vun de Crazy Quarantine Sessions schécken. "Well mir selwer Museker sinn, kënne mir och nach Saachen dobäi maachen", seet de Pol Belardi. Si géife sech dann ëm de Mix, de Montage vum Video an déi ganz Postproduktioun bekëmmeren. Toun a Bild sollten déi an der beschter Qualitéit sinn, "déi ënner dësen Ëmstänn méiglech ass".

Bei de Gäscht geet et vun Jazz-Museker, wéi dem Claire Parsons, iwwer Pop-Sänger, wéi dem Daniel Balthasar, bis bei Beatmakers, wéi de Corbi. Et wéilt ee sech ëm déi Musekerinnen a Museker bekëmmeren, déi vun der Kris betraff wieren, seet de Pit Dahm. "Am Fong si mir all am selwechte Boot." Dowéinst wier et hinne wichteg, verschidde Stiler ofzedecken.

Ausserdeem wier d'Audienz via Internet vill méi breet. "Bei eis kënnen och lo Kanner vun zéng Joer nokucken, déi net géifen owes an en Jazzclub goen."

Do It Yourself

Obwuel déi aktuell Situatioun fir vill Leit, déi am Kulturmilieu schaffen, schwiereg ass, hätt d'Initiativ si weiderbruecht, seet de Pol Belardi. Virun allem wat d'Produktioun vu Musek a Video oder d'Benotze vu Social Media ubelaangt, hätt ee vill vunenee geléiert. "Jiddweree schafft sech an déi verschidden Domainer eran", et wéilt ee sech géigesäiteg entlaaschten. "Lo wou dat wierklech rullt, ass dat fir eis fënnef quasi e Full Time Job", seet de Pit Dahm. Tëschent sechs an zwielef Stonne géif jiddwereen aus der Ekipp all Dag an de Projet investéieren.


Crazy Quarantine Sessions um radio 100,7 - samschdes um 19:00

An der Mediathéik:

Backstage / / Mike Tock
Lauschteren

Méi zum Thema

Them Lights & Ryvage Exklusiv
Premiere: Rework vu Yesterday

Düster a kal Synthesizerkläng wéckelen eng fragil Stëmm an, am neie Ryvage Rework vu Yesterday vun Them Lights. Et geet ëm Dämonen aus der Vergaangenheet. Lauschtert den Track exklusiv um radio 100,7.

TUYS
Tuys sinn (endlech) nees do

"A Curtain Call for Dreamers" heescht den EP vun Tuys, deen a fënnef Deeler erauskënnt. Déi éischt Single "Papaya" versprécht eng opreegend Rees. E Gespréich iwwer Inkoherenz a Selbstkritik.

Schlofardi
Schlofardi

Wéinst dem Coronavirus gëtt a modesten Home Studios geknéchelt, live-gestreamt an online collaboréiert. Dorënner och e verschlofene Pol Belardi, deen elo am Fréijoer als verjazzte Beatmaker opblitt.

Live aus der Stuff
LIVE aus der STUFF

Momentan ginn et keng Concerten, Theaterstécker, Liesungen oder soss kulturell Manifestatiounen. Mee et gëtt jo den Internet, duecht de Serge Tonnar. Haut ass déi éischt Performance am Kader vu LIVE aus der STUFF.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen