D'Aufgab vun all Kënschtler wier et, ëmmer iwwer dat ze reflektéieren, wat geschitt, seet de Jean Muller. A ganz besonnesch dramatesche Situatioune kéint een doriwwer eraus fir Oflenkung suergen an de Leit paramedezinesch hëllefen, grad wann et géif drëm goe mat senger Angscht ëmzegoen. Fir de Live-Stream aus senger Stuff (17.3.2020 um 20 Auer) huet de Pianist deemno e Programm zesummegestallt, deen a sengen eenzelen Deeler all kéiers eppes aneschters vermëttele soll.
Ee vun deene gréissten Optimisten
Haaptwierk um Programm ass dem Ludwig van Beethoven seng 31. Sonat. De Komponist wier fir de Jean Muller ee vun deene gréissten Humanisten an och Optimisten iwwerhaapt.
"Hien huet ëmmer erëm bewisen, och mat senger Musek, datt hien anere Leit wollt vermëttelen, datt et keen Dall gëtt, wat ze déif ass, fir datt een net kann draus erauskommen."
D'Sonat 31, Opus 110 géif dat wéi kaum een anert vu senge Wierker symboliséieren.
E Symbol vun der Hoffnung
Am leschte Saz géif ee fir d'éischt e Klage-Gesang héieren an duerno eng Fugue. Dës Kompositiounstechnik wier e Symbol vum rationalen Denken, e Mëttel fir seng Depressioun kënnen ze iwwerbrécken. No dëser Fugue géif dann awer en "ermattender Klagegesang" kommen, woumat dat Depressiivt nach emol verstäerkt géif ginn.
"An dann zum Schluss awer kënnt déi Fugue erëm an et gëtt en triumphale Finale. An ech hu mir geduecht: 'Dat ass dat, wat eis sollt Courage ginn, fir dës Zäit ze iwwerbrécken.'"