Radioen

On air

Tockcity  |  Ibibio Sound Machine - Got To Be Who U Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corbi: D'Hänn an d'Luucht!

Vun der Long op d'Zong

Corbi: D'Hänn an d'Luucht!

All Méindeg am August invitéiert den 100,7 Musekerinnen a Museker an d’Rotonden, déi op Lëtzebuergesch sangen. D’Emissioun “Vun der Long op d’Zong” gëtt owes vu 7 bis 8 live aus dem Kulturzenter zu Bouneweg iwwerdroen, an ass Deel vun der Programmatioun “Congés Annulés”. Den Invité vum 18. August war de Rapper Corbi.

auto_stories

2 min

D'Hänn an d'Luucht!

De Corbi hat de Publikum an der Buvette séier op senger Säit. De Set war zesumme gesat aus Stécker aus senger ganzer musikalescher Carrière. Lauschtert dee ganze Concert hei am Stream:

Viru sengem Optrëtt huet de Museker am Interview erkläert, dass seng Texter just an der Mammesprooch vun der Long op d'Zong kommen: “Ech kommen aus engem Ëmfeld zu Zolwer, do hu se all op Franséisch gerappt. Dat huet bei mir ëmmer komesch geklong, dofir hunn ech op Lëtzebuergesch probéiert an ech sinn dobäi bliwwen.” Vill Froen hunn de Corbi a säi Kolleg vun “de Läb” Fluid sech ni gestallt. Och net wéi si 2007 op hirem Debut “Stop zum Boom” gejaut hunn. Et sollt villméi den Ufank vum Boom vum Rap op Lëtzebuergesch ginn.

No 4 Diske mat de Läb en enger Rëtsch Kollaboratiounen huet den Zolwer Rapper am Mäerz 2015 säin éischte Solo-Album erausbruecht. Am Géigesaz zu de Produktioune vun de Läb kommen d’Beats op “De Gëllene Stull” net vum Corbi selwer, mee vum Wisbo a vum Nikkel K, deen de Rapper och an de Rotonden un de Plackespiller an um Mikro begleet huet.

“Am Fong waren et Zacki Zacki Produktiounen: Mir si 40 mol an de Studio gaangen, et si 40 Lidder entstanen, an dunn hu mir eis déi bescht fir den Album erausgesicht.” Och wann e puer Gaaschtmuseker um Disk ze héiere sinn, sinn d’Tracks all Sampel-baséiert. “Dat ass déi Schoul, wou mir hierkommen. An déi Traditioun wëlle mir och weiderféieren,” sou de Corbi.

Den Album “De Gëllene Stull” kann een iwwer de Site vum Läbbel kafen.