Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Rosemary Hemphill

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cleveland: Destinatioun europäesch Festivalen

Elektronesch Musek

Cleveland: Destinatioun europäesch Festivalen

Hie verëffentlecht op renomméierte Labelen a spillt a bekannte Cluben. Elo cibléiert hien déi grouss europäesch Festivalen. De Produzent Cleveland vertrëtt Lëtzebuerg beim Eurosonic. Ee Gespréich.

auto_stories

4 min

Dir hutt Är musikalesch Carrière zu Lëtzebuerg ugefaangen, lieft a schafft awer mëttlerweil zu Bréissel. Ass Bréissel besser als Homebase fir Musek ze maachen?

Lëtzebuerg huet net vill ze bidden, och wann d’Hëllef vum Staat fir Museker wierklech cool ass. Bréissel ass méi grouss an do leeft einfach méi. Mee am Fong gëtt et hei och keng richteg "Zeen", et huet sech vill degradéiert zanter engem oder zwee Joer. Wann ee wierklech eng gutt Zeen wëll, da muss ee schonn op Amsterdam. Déi Stad ass nach besser wéi Berlin am Moment.

Optrëtter um Primavera, am Berghain, bei Boiler Room, Verëffentlechungen op gudden a renomméierte Labelen, positiv Rezensiounen an der Fachpress ... Är Carrière huet sech am leschte Joer ganz positiv entwéckelt. Wat kënnt als nächst?

Dat nächst halleft Joer bréngt ee Remix op Permanent Vacation, e Remix op Greco-Roman, eng nei Hivern Discs EP, a wahrscheinlech eng aner EP op engem vu menge Lieblings US-Labelen - to be confirmed very soon #fingerscrossed! Donieft schaffen ech un enger neier live Show an och um visuellen Aspekt dovun.

Den Eurosonic ass ee Showcase-Festival. Dir hat schonn Optrëtter op esou Veranstaltungen, zum Beispill rezent beim Reeperbahn Festival. Wéi ass dat fir Iech, fir virun engem Publikum vu Professionellen opzetrieden?

Ech muss Music:LX nach eng Kéier Merci soen, fir all déi schéi Showcase-Spots, op deenen ech konnt spillen. Menger Meenung no waren déi meescht allerdéngs net ideal am Kontext vu menger Musek. D'Aarbecht vum Exportbureau ass wierklech gutt fir kleng Artisten, déi éischter an der Rock- a Pop-Sphär gravitéieren. Bei mir bréngt dat net sou vill, well sou Gigs net déi richteg Leit vu menger Zeen unzéien. Déi lauschtere méi op Labelen an op d'Press.

Wat erhofft Dir Iech konkret vum Optrëtt zu Groningen?

Ech hunn héieren, datt de radio 100,7 extra gefrot huet, fir mech op ee gudde Spot fir elektronesch Musek ze setzen. Dat ass cool, well bei menger Musek sinn de Kontext an de Sound wierklech wichteg. D'Zil fir mech beim Eurosonic ass net ee Label, Manager oder Agent ze fannen. Do sinn ech glécklecherweis schonn a gudden Hänn. D'Zil ass et, d'Promotere vun deene wichtegsten europäesche Festivalen unzezéien an e positiven Androck ze hannerloossen.

Ass de Laptop op der Bühn fir Iech en noutwennegt Iwwel oder dat bescht Instrument vun der Welt?

Mäi Live Set up ass: eng Elektron Octatrack -, eng Nord Drum 2, ee Synthesizer, ee Kompressor AN e Laptop mat Ableton Live drop. Am Ament ass de Computer bei mengem Genre vu Live, dee komplex ass a wou vill verschidde Stëmmungen openeen treffen, einfach indispensabel. Et stéiert mech zwar, zemools well mäi Laptop zimlech al ass an dacks crasht. Awer ech mengen, datt den Anti-Laptop-Puristen-Talk och just en Trend ass, dee gläich erëm wäert eriwwer sinn.

Bis elo hutt Dir just Maxi-Singelen erausbruecht, respektiv bei Compilatioune matgemaach. Kann een eng Kéier mat engem Cleveland-Album rechnen?

Time will tell. Am Moment huet d'EP-Format méi Impakt wei d'LP, wou ee Risk ass. En Album kënnt vläicht an zwee Joer?

Elektronesch Danzmusek huet verschidden ongeschriwwe Regelen, déi ee muss anhalen, wann d'Musek soll DJ-frëndlech sinn. Zum Beispill wat d'Vitesse oder den Ufank an de Schluss vun Tracks ubelaangt. Gesitt Dir déi Limitatiounen als stéierend oder als Chance fir d'Musek?

Professionell gesi bréngt et dir méi, wann deng Musik DJ-friendly ass, soss gëtt se manner an engem Club-Kontext gespillt. Mee dat soll keen Zil sinn. Et ass cool, datt zanter puer Joren erëm en Ambient- a Leftfield-Trend do ass. Ëmmer méi Leit traue sech aus der Comfortzon eraus a spillen offbeat a sensibel no-beat Saachen. Zum Beispill Red Light Radio oder de Label Music from Memory. Lo-Fi oder Jungle héiert een och nees méi, an do kann een och net vun 100 Prozent DJ-friendly Musek schwätzen. Et ass wierklech interessant wat am Moment leeft!


E Freideg, den 31. Januar 2017 wäert de Cleveland am Kader vum Eurosonic Festival optrieden. Als Member vun der EBU designéiert de radio 100,7 all Joer eng Band oder een Artist vu Lëtzebuerg, deen ee Slot um renomméierte Showcase-Event kritt.

Eurosonic-Sendungen um radio 100,7

  • Freideg, 13.01. - Backstage live vu Groningen um 18:30
  • Samschdeg, 14.01. - Soundcheck mat Concerts-Highlights um 20:00