Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claire Parsons - Snow In August

Schlofzëmmerbléck

Claire Parsons - Snow In August

Fir d'Claire Parsons war et wichteg eppes Schéines ze produzéieren am Kader vun der radio 100,7-Schlofzëmmerbléck-Commande. "Snow In August" ass en hoffnungsvollt Folk-Jazz-Lidd iwwer déi melancholesch Stëmmung, trotz der Sonn. D'Musekerin huet wärend dem Confinement iergendwéi missen u Schnéi am Summer denken.

auto_stories

2 min

"Eppes wat gutt deet"

Fir d'Claire Parsons war et wichteg eppes Schéines ze produzéieren am Kader vun der radio 100,7-Schlofzëmmerbléck-Commande. "Snow In August" ass en hoffnungsvollt Folk-Jazz-Lidd iwwer déi melancholesch Stëmmung, trotz der Sonn.

radio 100komma7 · Claire Parsons - Snow In August

Eng dissonant oder duercherneen Ambiance wollt d'Claire Parsons an hirem Lidd evitéieren.

"Ech wollt e ganz kloren, friddleche Song hunn, back to the basics vun den Akkordprogressiounen hier. Iergendeppes hunn, wat einfach gutt deet".

Dat éischt Motiv vum Lidd hätt d'Musekerin op hirem Handy erëmfonnt. "Et war eng ganz kleng Melodie-Iddi, déi ech wollt op mäin Album setzen." De Rescht vum Stéck wier zimmlech séier do ronderëm entstanen. Um Text wier am meeschten geknat ginn.

Déi bedréckte Stëmmung an de leschte Wochen hätt e bësse wéi e melancholesche Wanter op d'Musekerin gewierkt.

"Ech sinn eent, wat wärend dem Wanter e bëssen aknéckt. An dëst Joer ass dat Gefill bliwwen. Et war keen normaalt Fréijoer".

Et wier eng Diskrepanz do gewiescht tëschent dem gudde Wieder dobaussen an der emotioneller Keelt vum Confinement. De Schnéi hätt sech deemno an d'Lidd geschlach.

"'Snow In August' geet dorëms, datt wann eppes geet, och erëm eppes kënnt, an et soll ee seng Hoffnung net opginn."