Radioen

On air

Resonanzen  |  Robert Schumann - Fünf Stücke im Volkston, Op. 102, I. "Vanitas Vanitatum" - Mit Humor - Cyrielle Golin (Cello), Antoine Mourlas (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pan-amerikaneschen Tropicàli

Chicano Batman - Invisible People

Pan-amerikaneschen Tropicàli

Pan-amerikaneschen Tropicàlia - dat kléngt no gudder Laun. Mee déi nei Plack vu Chicano Batman huet vill méi ze bidde wéi dat, fënnt de Marc Clement. Eisen Album vun der Woch kënnt aus Südkalifornien a bitt niewent vill Sonn och mat Léift formuléiert Gedankenustéiss.

auto_stories

3 min

Den Eduardo Arenas huet ee schéi syncopéiert Bassspill, kuerz, knackeg a rhythmesch op de Punkt. Zesumme mam Gabriel Villa op der Batterie deele si sech déi rhythmesch Akzenter bei Chicano Batman a suerge fir ee Bounce, deem ee schwéier widdersteet. Dem Sänger Bardo Martinez seng Gittar gëtt dacks nach en drëtte Rhythmus drop, wärend säi Kumpan um zweete Sechssäiter Carlos Arévalo gären Ausflich a faarweg psychedelesch Soloe proposéiert.

Déi véier Latinoe vun LA, déi aus ënnerschiddlechen nord-, mëttel- a südamerikanesche Länner hierkommen, bréngen hiren enorme Pep op hirer véierter Studioplack "Invisible People" schéin eriwwer. Zanter eelef Joer strecke si aus brasilianesche Rhythmen, nordamerikaneschem Psychedelic Rock a Soulmusek e Sound, dee wéi aus engem Goss wierkt, all Stilfroen am Fong decouragéiert. E geet einfach direkt an d'Broscht an an d'Been.

Net nëmme musikalesch, mee och am Esprit, ass alles dëst e modernt Weiderféiere vun der Tropicalia Musek- a Konschtbeweegung, déi an de 60er Joren zu Salvador a Sao Paolo eng liicht- an oppenhäerzeg Plattform fir Kultur a politesch Expressioun bidde wollt, där Museker wéi de Gilberto Gil a Caetano Veloso, mee och Dichter wéi den Torquato Neto ugehéiert hunn.

Och L.A. ass ee Metling Pot, wouvunner déi véier Chicanos als Immigranten ee Liddchen ze sange wëssen. "Invisible People" konfrontéiert den Dram vum friddleche, kreativen Zesummeliewe mat den haarde Realitéiten. Eng amerikanesch Regierung, déi an hirem Krich géint d'Drogen op der mexikanescher Grenz mat grousser Grausamkeet géint Machenschafte virgeet an deene se selwer Kompliz ass, gëtt op "Manuel's Story" als onkommentéiert a ganz perséinlecht Schicksal an e Lidd gefaast. Ee Liewensstil, deen net méi laangfristeg oprecht ze erhalen ass, an déi Raubdéiermentalitéit, déi domat zesummegeet, gëtt op "Pink Elephant" vun enger geféierlecher Femme fatale personifizéiert. Sozial Divisiounen, déi sech verstäerken a politesch Instrumentaliséiert ginn, ginn an hiren alldeeglechen Effekter gezeechent. Wéi zum Beispill: wéini ass mäi Bauch emol erëm richteg voll.

Em villschichtegen an nuancéierten Album

Ah, ee Guttmënsch-Album, deen eis drun erënnert, datt mer all sollen zesumme glécklech sinn an dee politesch korrekt Plattitüde verspreet.

Nee, esou ass dat net. "Invisible People" erënnert wuel drun, datt eleng jiddweree vun eis onsiichtbar ass. Mee et geet net ëm theoretescht Politiséieren oder Pseudo-Eenegkeetsfantasien an dëse Songs. Nach geet et ëm positiivt Denken, dat dacks just verkleetent Scheiklappenndenken ass a Situatiounen, déi d'Erkennen an den Ausdrock vum Negative verlaangen. Keng Lëpsebekenntnisser, kee Säbelrasselen. Am Plaz liwwere si op dëser Plack eng Partie buedemstänneg an nuancéiert Konfrontatiounen, ouni dobäi een Danzschrëtt ze verpassen. An och eng Partie vun deem, wat ee vläicht, ouni bessert Wuert, als "sozial Libeslidder" bezeechne kéint, nom Motto, richteg Léift a richteg Liewesfreed kënnen d'Saache soen, wéi se sinn, an dat mat Nuancen.

"The skyscrapers are tall / What you gonna do when they fall?" Wann Dir op esou Froen danze kënnt, ouni d'Stier a Falen ze leen, da kann "Invisible People" Iech mat op e puer ganz schéi Plazen huelen.