Radioen

On air

De Moien  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chefdirigent Gustavo Gimeno bleift bis 2022

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

Chefdirigent Gustavo Gimeno bleift bis 2022

auto_stories

1 min

Gustavo Gimeno (© Alfonso Salgeuiro)

De Gustavo Gimeno, de Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, huet säi Kontrakt bis 2022 verlängert. "Zanter ech zu Lëtzebuerg sinn, genéissen ech d'Zesummenaarbecht mat dësem exzellenten Orchester. D'Fortsetzung vun der gemeinsamer Aarbecht gëtt mir d'Méiglechkeet, dës Bezéiung an déi kënschtleresch Weiderentwécklung nach ze intensivéieren", seet de Gustavo Gimeno an engem Communiqué vun der Philharmonie.

2015 hat de gebiertegen Valencianer d'Successioun vum Emmanuel Krivine un der Spëtzt vum OPL iwwerholl. Mam Gustavo Gimeno hat den Orchester bewosst ee jonken Chef engagéiert, deen eng nei Etapp an der musikalescher a programmatescher Weiderentwécklung sollt alauden.

Ënnert dem neie Chefdirigent huet den Orchester och seng Politik a punkto CD-Produktiounen nei strukturéiert. Néng Diske sinn an deenen nächste Joren geplangt.

D'Vertragsverlängerung mam Gustavo Gimeno mécht dem Orchester deemno a villen Hisiichten nei Perspektiven op, ënnersträicht de President vun der Philharmonie, de Pierre Ahlborn.