Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Charel Stoltz suergt fir de gudden Toun

Musek-Produzent

De Charel Stoltz suergt fir de gudden Toun

E groussen Deel vun der Lëtzebuerger Rock- a Pop-Musek gëtt vum Charel Stoltz opgeholl. De Produzent gëtt Ablécker a seng Aarbecht. A schwätzt och iwwer déi psychologesch Komponent vun der Musek.

Yves Stephany

auto_stories

4 min

Charel Stoltz

2010 huet de Charel Stoltz zu Tënten säin Tounstudio opgemaach. Zu engem Zäitpunkt, wou vill aner Studioe sech ëmorientéiert haten. Well mat Museks-Produktiounen net méi vill Suen ze verdénge sinn, huet de Secteur sech op Beräicher wéi Publicitéit oder Kino konzentréiert. "Dat baséiert op renger Naivitéit, datt ech dat deemools gemaach hunn," erkläert de Charel am 100,7-Interview. "Ech hat kee Business-Plang opgestallt oder Maart-Fuerschung gemaach."

Awer seng Naivitéit mécht sech bezuelt. Ee groussen Deel vun de Lëtzebuerger Rock-Gruppe passéieren iergendwann am Laf vun hirer Carrière beim Charel Stoltz am Studio, fir en Disk opzehuelen. Dat läit och dorun, well hie selwer Museker ass. Hie versteet alternativ Musek an déi konkret Besoine vun de Gruppen.

Kënschtler-Psychologie

Seng Aarbecht geet meeschtens iwwer de rengen technesche Volet eraus. De Charel iwwerhëlt dacks d'Roll vun engem Produzent, andeems hie säin Avis iwwer Kompositiounen an Arrangementer ofgëtt an d'Museker beréit: "Ech probéiere bëssen Neutralitéit eranzebréngen." Vill Museker géifen d'Objektivitéit verléieren, wa si hir Stécker sou dacks geprouft hätten. Deemno wäre si frou, wann deen am Studio hir Musek mat engem frëschen Ouer géif lauschteren.

Zum Produzenten-Job gehéiert och eng psychologesch Komponent: "Déi eng hu méi ee groussen Ego, déi aner hu guer keen Ego. Ech kéint Bicher schreiwen doriwwer." Deen einfachsten Trick, fir en enger Saach weiderzekomme wär et, dem Kënschtler bäizebréngen, datt hien op eng Iddi komm wär.

Technik ass wichteg, awer déi mënschelch Komponent spillt genee sou eng grouss Roll

Alles ass gefuddelt

Ee wichtegen Deel vun der Aarbecht vun engem Tountechniker ass den Editing um Computer. "Wat d'Museker besser spillen, wat ech manner muss schaffen," seet de Charel. "Awer ech si ganz séier am Editéieren." Och eng falsch Nout vum Sänger kann duerch speziell Programmer einfach verbessert ginn. "Wann all déi aner Facteuren, wéi d'Artikulatioun, d'Intensitéit, an d'Emotioune stëmmen, da geet et méi séier wann een einfach ee Knäppchen dréckt."

Authentizitéit ass am Tountechniker sengen Aen bei moderner Pop-Musek onméiglech: "Soubal een net zesummen ophëlt, mat just engem Mikro an engem Raum, an dat herno op eng CD mécht, ass et gefuddelt." Den Challenge wär, datt et net no Fuddele géif kléngen. Schlussendlech wär der Band hir Responsabilitéit, datt si hir Musek live sou kéint ëmsetzen, wéi se um Album kléngt.

Opträg baussent dem Studio

Niewent der Aarbecht am Studio schaffen de Charel a säi Kolleg, den Tom Gatti och um Terrain. Zum Beispill gi si mat Gruppen op Tournée fir Concerten ofzemëschen. De Charel schafft och ëmmer nees gär bei Theater- oder Musical-Produktiounen: "Dat hëlleft nei Iddien ze kréien. Iddie kritt een iwwerall."

Een Optrag, deen dem Museker besonnesch vill Spaass gemaach hat, war d'Kompositioun a Produktioun vum Lidd "Stell Elo Keng Fro" fir d'Sitcom "Comeback". "Do konnt ech all Klischee benotzen, deen ech heiansdo a menger Panz hunn". D'Lidd vum fiktiven Eighties-Pop-Star "Ronny Riff" hat um Internet grouss Opmierksamkeet kritt.

Fox

Dem Charel Stoltz seng eege Band ass Fox. De Sextett huet rezent säin Debut-Album erausbruecht. Dee gouf och vum Charel produzéiert. "Dat war ustrengend. Du sëtz mat der Gittar um Schouss an drécks heiansdo de Knäppchen. Du weess net, wat s de méchs, et gëtt keen dir Feedback. Do wär et gutt gewiescht, wann een Aneren déi Aarbecht gemaach hätt."

 


Links
Holtz Studio op Facebook: https://www.facebook.com/holtzsound/
Fox op Facebook: https://www.facebook.com/foxisaband/