Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bullion: Lauschteren, net just héieren

Album vun der Woch

Bullion: Lauschteren, net just héieren

"Loop The Loop" vu "Bullion" ass ee vun deene spannendsten Albumen, déi 2016 bis elo erauskomm sinn. "Bullion" ass de Pseudonym vum britesche Museker, Produzent a Sänger "Nahtan Jenkins". Op dësem Album demonstréiert hien, wéi facetteräich modern Popmusek ka sinn.

Yves Stephany

auto_stories

10 min

Nathan Jenkins

"Loop The Loop" ass een Album, deen immens räich ass. Räich orschestréiert. Räich un Detailer. Räich u ganz verschiddenartegen Elementer, déi matenee kontrastréieren. D'Musek vu Bullion ass awer net iwwerlueden oder opdränglech. Ganz am Géigenteel: "Loop The Loop" ass eng Invitatioun fir genee ze lauschteren.

Sangen ass Leiden

Den Nathan Jenkins kënnt aus dem Hip Hop-Beräich. Seng musikalesch Carrière huet hien als Beatmaker a Remixer ugefaang. 2007 hat hie mat "Pet Sounds: In The Key Of Dee" een éischt Liewenszeeche vu sech ginn. Op dësem Mashup-Album huet hien d'Musek vun de Beatles mam Rapper J Dilla vermëscht. No an no huet den Jenkins sech awer a Richtung Pop orientéiert, an huet niewent senger Aarbecht als Produzent och ugefaang mat sangen.

An "Health" séngt den Nathan Jenkins "Somebody's home when I'm trying to sing / I must find confidence in myself". De kreative Prozess zu "Loop The Loop" war fir den Artist laangwiereg an zum Deel langweileg. Dräi Joer huet hien um Opus geschafft. Huet d'Lidder ëmmer nees nei gemixt, an arrangéiert. Awer virun allem d'Sange bereet him Problemer. Hien hätt ëmmer e Schëld u seng Dier gehaang, op deem stoung: "W.e.g. komm net eran, ech kéint grad sangen. Oder ech kéint grad mat mir selwer schwätzen. Erspuer dir a mir déi Peinlechkeet."

Instrumenter als Bausteng

Op "Loop The Loop" huet den Nathan Jenkins mat enger Hellewull Museker kollaboréiert. Obwuel de Klangspektrum vu Synthesizeren dominéiert gëtt, deet sech beim geneeë Lauschteren ee ganzen Unviversum u Sounds op: Gittaren, Bäss, Sträicher a Bléiser danze mateneen. Schlängele sech ronderem dem Jenkins seng Stëmm, a sangen dat, wat zwëschent den Zeile geschitt.

D'Instrumenter op Loop The Loop sinn zum Deel mat Effekter geschwängert. Et ass mat Momenter schwéier erauszehéieren, wat Samples sinn, a wat nei opgeholl gouf. Et ass ee Spill mam Jenkins senger musikalescher Vergaangenheet. Dëst ass wierklech spannend op "Loop The Loop": datt Elementer a Klischéën aus verschiddene musikalesche Genren an originelle Pop Songs zesummefannen.

Zitéiert gëtt vill, awer net bewosst. Referenzen héiert een der dausend, awer et et ass falsch, doran no Pisten ze sichen. Elo, nodeems den Album fäerdeg wär, géif hie selwer ufänken a senger Plackesammlung no méiglechen Influenzen ze sichen, erkläert den Jenkins.

"Loop The Loop" koum um Jenkins sengem eegene Label "Deek" eraus. Nodeems hien duerch d'Quale vum kreative Prozess gaang war, wollt hie sech am Fong net och nach ëm d'Verpackung, d'Distributioun an d'Promotioun vum Disk bekëmmeren. Awer et war keen anere Label interesséiert.


Interview mam Nathan Jenkins

An engem online-Video erkläert Dir, datt den Album, deen elo eraus komm ass, déi drëtt Versioun ass. Dir hätt dräi Joer dru geschafft, an et wär um Enn vun all Joer eng nei Versioun fäerdeg gewiescht. Wat huet sech all Kéiers geännert?

Ech hunn ëmmer weider nei Stécker gemaach, déi all Kéiers dobäi koumen. D'Versioune goufen da sou à Jour gesat, datt se mat deenen neie Stécker géifen harmonéieren. D'Klangbild vun deem ganzen huet sech iwwer d'Zäit verännert. Ech wollt net, datt eppes géif hannendran hänken an net sou knackeg oder interessant wéi déi méi nei Musek géif kléngen. Natierlech bass de mat deene Saache méi frou. Op d'mannst fannen ech, datt di neiste Lidder am knackegste kléngen. Musikalesch ass et iwwer déi dräi Versiounen awer relativ konsistent bliwwen.

Wéi entsteet Är Musek? Hutt Dir eng Iddi vun engem fäerdege Wierk am Kapp, wann Dir ufänkt mat komponéieren? Oder ass et éischter ee Prozess vun Ausprobéieren?

Et ass éischter den Trial-and-Error-Prinzip, wéi datt ech eng Visioun dovun hätt, wéi et soll kléngen. Et ass bëssen e Klischee ginn. Ze soen datt ee kee Plang hätt a sou laang Saachen ze probéieren, bis se funktionéieren. Mee ech si wuel dee Klischee. Ech schumme mech bëssen dofir. Et kléngt no enger fantasieloser Approche. Wéi wann ee sech der Responsabilitéit géif entzéien, eng Visioun vum fäerdege Wierk ze hunn. Mee zu engem gewëssen Deel kanns du dat net änneren, wann dat dat däi Prozess ass. Ech muss mech wuel domat offannen.

Äre Background ass dee vun engem Beatmaker. Dir kommt aus dem Beräich vum Hip Hop an der elektronescher Musek. An deem Genre ass déi Approche allerdéngs gängeg, datt ee sou laang un de Knäppercher dréint, bis ee mam Resultat zefridden ass.

Et hänkt dovun of, ween dat mécht. Ech si mir sécher datt et och an där Welt Produzente ginn, déi mat enger konkreter Iddi ufänken un engem Wierk ze schaffen.
Beim Album hat ech méi eng spezifesch Visioun. Ech wousst, datt ech éischter Lidder wollt, wéi instrumental Stécker. An ech wollt eng Mëschung aus Spaass a Gefill: Et liicht halen, awer gläichzäiteg deem Ganze méi eng déif Bedeitung ginn.

Beim Musek-Lauschteren hu vill Leit d'Tendenz, fir alles mat Saachen ze vergläichen, déi si kennen. Bei deene Rezensiounen, déi ech vu "Loop the Loop" um Internet gelies hunn, zéien d'Kritiker Vergläicher a Parallelen zu immens ville verschiddenen Artisten aus der Pop-Geschicht. Hutt Dir Referenzen am Kapp, wann Dir Musek maacht?

Nee, dat kënnt ëmmer méi spéit. Et ass ëmmer komesch, wann een Interviewe gëtt, oder wa Leit generell no den Influenze vum Album froen. Op eemol frees du dech da selwer: Wat huet en influenzéiert? Da fannen ech op eemol selwer Parallelen a froe mech, wou dat hierkoum. Dacks ginn ech duerch meng Placke-Sammlung a probéieren erauszefannen, wat mech influenzéiert huet. Ech weess awer genee sou wéineg, wou den Afloss hierkënnt.

Et ass net sou, datt ech mech géif dohinner setzen a mir virhuele géif ee Lidd ze maachen, wéi de Paul McCartney oder de Robert Wyatt oder ween och ëmmer. Et ass wahrscheinlech eng ënnerbewosst Saach. Wann ee genuch vun enger Saach oder engem Genre lauschtert, dann dréngt dat iergendwann duerch. 

Op der Plack ass keen Tribut un iergend ee speziellen. Jiddefalls net, wat musikalesch Influenzen ubelaangt. Éischter u Leit, déi ech kennen. Leit aus mengem Ëmfeld.

Fir den Album hutt Dir mat ville Museker zesummegeschafft. Wat war den Afloss vun deene Leit? Hutt Dir hinne genee Indikatioune ginn, oder hu si hir eegen Iddie mat abruecht.

Et ass eng Mëschung aus deenen zwou Saachen. Ech hunn déi Leit gefrot, fir um Album ze spille well ech hir Approche gär hunn. Dofir wollt ech, datt si dat géife spillen, wat si héieren. Ech si selwer kee besonnesch bewanderte Museker. Si hu souvill Saache gespillt, bei deenen ech keng Ahnung gehat hätt, wéi ech hinnen dat hätt sollen erklären. Si konnte sech zu menger Musek ausdrécken a ech hu si bësse guidéiert, fir d'Kontroll ze behalen.

Dat heescht, d'Museker hunn Elementer erabruecht, déi Dir net hätt kéinten op engem Sequencer programméieren?

Um Album programméieren ech ganz vill Keyboard- a Bass-Linnen an Drumm-Patterns a sou weider. Mee ech froe Museker fir spillen ze kommen, fir dogéint ze wierken. Fir eppes ze spillen, wat méi fräi an ausdrocksstaark ass. Ech hu gär d'Mëschung vun deenen zwou Saachen an der Musek: Elementer, déi ganz rigit a syncopéiert sinn, an aner Elementer déi méi labber ronderëm dat Fëllement existéieren.

Genee dat gefält mir och sou gutt um Album. Mat Momenter weess een net richteg, ob een Instrumenter oder Samples héiert. Hutt Dir och Samples benotzt?

Och hei ass et eng Mëschung: Et kommen Iddië vu Samples zum Asaz. Vill manner, wéi dat fréier de Fall war. Ech sinn ëmmer méi vun där Approche ewechkomm. Awer ech hunn dat Rot-Spill gär: Wat ass geschriwwen a gespillt a wat gouf iergendwou anescht geklaut? Ech fannen dat flott, wann d'Leit sech froen, wou eppes hierkënnt. Generell traitéieren ech d'Saache sou, datt se net méi wéi d'Original kléngen. Ech benotze vill Effekter. Doduerch ginn d'Grenzen zwëschent Instrumenter, Samples a staark verschaffte Kläng séier verwëscht.

An "Health" sangt Dir "Somebody's home when I'm trying to sing / I must find confidence in myself". Ass de kreative Prozess eng Qual fir Iech ?

Definitiv! Ech fannen déi ganz Saach zimlech ustrengend, a mat Momenter och langweileg. Ech ka richteg obsedéiert gi mat engem klengen Deel vun engem Lidd. Da kommen ech ëmmer nees drop zréck a froe mech, wéini ech endlech richteg wäert hikréien, wéini ech endlech frou wäert domat sinn. Dat kann ermiddend sinn. Jo, ech muss mech selwer encouragéieren, fir virun ze maachen.

Grad d'Sangen ass ustrengen. Ech fannen et nach ëmmer komesch, ze sangen, meng Stëmm opzehuelen a mech duerno ze lauschteren, wéi ech déi Saache sangen. Fir vill Leit ass dat net immens agreabel. Ech hunn ëmmer ee Schëld u meng Dier gehaangt, op deem stoung: "W.e.g. komm net eran, ech kéint grad sangen. Oder ech kéint grad mat mir selwer schwätzen. Erspuer dir a mir déi Peinlechkeet."

Wat mir un Ärer Musek extrem gutt gefält, ass d'Subtilitéit. Si ass räich, ouni iwwerlueden ze sinn. Et geschitt immens vill, ouni datt et haart, agressiv oder opdränglech ass. Et ass wéi eng Invitatioun, fir genee ze lauschteren. 

D'Manéier, wéi Dir dat grad erkläert hutt, gefält mir ganz gutt: "Eng Invitatioun fir genee ze lauschteren." Dat ass wierklech eng schéin Iddi.

Wann een d'Musek ze haart opdréint, dann héiert ee sech éischter, wéi datt ee se lauschtert. Ech lauschtere léiwer, wéi ze héieren. Dofir beschäftegen ech mech an deem Mooss mat den Detailer a menge Stécker. Genee duerno lauschteren ech an der Musek. Fir mech maachen d'Detailer den Ënnerscheed zwëschent eppes wat ech gutt fannen, an eppes wat ech gär hunn.

Dat heescht net, datt all Musek misst immens detailléiert sinn. Et gëtt och einfach Musek mat Léift zum Detail, déi clever gemaach ass. Wéi eng Mask, wou déi komplizéiert Saachen hannendru sinn.

Dir hutt "Loop The Loop" op Ärem eegene Label "Deek" erausbruecht. War dat ee bewosste Choix, oder wollt keen anere Label dat maachen?

Zum Deel war et e Choix. Awer et koum duerch d'Necessitéit. Ech hat bësse probéiert, den Album ze verkafen. Och wann dat lo ganz schrecklech kléngt. Awer net jiddereen huet e wierklech gutt fonnt. Dofir huet et fir mech Sënn gemaach, e selwer ze releasen.

Ech hunn Deek gegrënnt, fir meng Musek a meng Kollaboratiounen erauszebréngen. Ech hunn dës Aarbecht bëssen ze perséinlech fonnt, fir se selwer ënner d'Leit ze bréngen. Fir driwwer ze schwätzen an ze tweeten an dee ganze Krom. Awer finalement sinn ech zimlech frou, et mat Deek gemaach hunn. Et gëtt mir bësse méi Selbstvertrauen an ech hu méi Kontroll iwwert alles.


Link: "Loop The Loop" op Bandcamp (digital)