Amerikanesch Symphonik Brillant Copland-Interpretatiounen

De Leonard Slatkin an den Detroit Symphony Orchestra fuere weider mat hirer Integrale vum Aaron Copland sengen Orchesterstécker. Bei Naxos ass elo an der Serie "American Classics" déi drëtt Symphonie erauskomm. Eis CD vun der Woch

Guy Engels

4579_h.jpg
Den amerikaneschen Dirigent Leonard Slatkin

Den Aaron Copland gehéiert zu där éischter Generatioun vun amerikanesche Komponisten, déi hir Studien an de States gemaach hunn an eng genuin amerikanesch Musek schreiwen. De Ballet "Rodeo" oder déi symphonesch Dichtung "Appalachian Spring" sinn déi populäerst Kompositioune vum Copland, an deenen sech déi amerikanesch Symphonik mat all hire Facette weist.

Zu deene beléifte Wierker misst eigentlech och dem Copland seng drëtt Symphonie zielen. Bekannt ass bis haut vrun allem ee Grapp voll Nouten, ee Motiv, dat sech selbstänneg gemaach huet an esouguer e gewësse Kultstatus am Pop-Rock huet.

Fanfare for the Common Man

De Copland selwer hat de Succès vun dëser Fanfare an d'Rulle bruecht, déi Emerson Lake and Palmer spéider fir sech adaptéiert hunn. Mëtt de 40er Jore gräift de Copland seng eegen Iddi nees als Haaptthema fir de Schluss vu senger drëtter Symphonie op. Hei zitt d'Fanfare sech wéi e roude Fuedem duerch de leschte Saz.

De Leonard Slatkin an den Detroit Symphony Orchestra bréngen dat an hirer Opnam nees alles an de richtege Kontext. Eleng hei weist sech eng Stäerkt vun dësem Disque. Wat méi wichteg ass, den Dirigent verzicht generell op plakativt Musizéieren. En hëlt sech Zäit fir Detailer, fir méiglechst vill Orchesterfaarwen. Mir erliewen ee brillanten Detroit Symphony Orchestra mat sengem Chefdirigent Leonard Slatkin, deen deen apaarten amerikanesch Flair vum Copland senger Musek nie vergësst.

Aaron Copland: Symphony No. 3, Three Latin American Sketches bei Naxos

An der Mediathéik:

CD-Klassik / / Remy Franck
Lauschteren

Méi zum Thema

Lezhneva.jpg
Arie vum Carl-Heinrich Graun

12 Arië vum Carl-Heinrich Graun sengt déi russesch Sopranistin Julia Lezneva zesumme mat Concerto Köln op hirem neien Disque, 11 dovunner goufen nach ni opgeholl. Eis CD vun der Woch.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen