Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - The Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Soundtrack vun der emotioneller Dissonanz vum moderne Liewen"

Blake Mills - Mutable Set

"Soundtrack vun der emotioneller Dissonanz vum moderne Liewen"

Vum jonke Gittare-Gott zum gefrote Produzent. De Blake Mills huet mat 33 Joer d'Lucinda Williams op Toure begleet, mat der Fiona Apple enk zesummegeschafft an Albume vu Perfume Genius iwwer Jesca Hoop bis zu Alabama Shakes produzéiert. Säin neien Album ass en ënnerdriwwent a magescht Wierk, dat muss gelauschtert ginn, fënnt den Jamie Reinert.

auto_stories

3 min

Mat der Rou an der Musek ëmgoen, d'Téin fir sech schwätze loossen, ass keng evident Saach. Zemools net, wann ee jonk a senger Karriär als virtuose Session Gittarist ofgestempelt gëtt. Mee de Blake Mills als net op seng flénk Fangeren ze reduzéieren. De Mann vu Malibu weess sech zeréckzehalen, an op sengem neien Album beweist e sech als Meeschter vun der Ënnerdreiwung. Dat hat hie virun zwee Joer schonn ugedeit, wou hien op eemol eng ambient Scheif verëffentlecht huet, op där kosmesch Texture vun engem Gittars-Synthesizer den Toun uginn hunn. Eng eemoleg Indulgence, en Ausdrock vu Langweil war dat net. "Mutable Set" féiert déi ganz meditativ an Textur-gedriwwen Aarbecht weider, mee aus den ethereschen Ambiancë schiele sech déi Kéier erëm richteg Lidder eraus, op alle Fall gëtt erëm gesongen.

Zäit a Rou spille wéi gesot eng zentral Roll um Blake Mills sengem véierten Album. Gewéinlech Lidder-Strukture ginn hannert sech gelooss. Et sinn déi magesch Introen, an Interluden, déi sech duerch d'Stécker schlängelen - all dat Material tëschent de Bausstäng - dat erausstécht. Dat gedämpfte Geräisch vun den Hummere vum Piano, d'Fangeren, déi iwwer d'Säite rutschen, e puer Schrëtt am Raum. Déi non-musikalesch Kläng ginn ervirgestrach, an déi musikalesch sinn deels schwéier ze definéieren. Op Slide-Gittar, Synthi oder soss onheemlech manipuléierte Sound, alles fléisst aneneen iwwer, ouni dobäi zu engem onbestëmmte Bräi ze ginn. Ongewéinlech harmonesch Tournuren, déi eng oder aner geraddereg Nout, bréngen d'Imperfektioun nees mat an d'Spill, an enthalen engem de Pleséier vun enger schéiner Opléisung. Iergendwéi ënnersträicht dem Blake Mills seng Aarbecht, wéi Musek dach einfach nëmme Klangwelle sinn, déi ganz eegewëlleg duerch d'Loft schwiewen. Dës simpel Wouerecht zitt sech duerch den neien Album, duerch déi lëfteg a waarm Texturen, déi hien erauswielt, seng pësperesch Stëmm, an der immenser Räimlechkeet.

Poetesch an enigmatesch Texter

D'Kläng op "Mutable Set" dauche bis an déi déifste Frequenzen. Den dynamesche Spektrum gëtt mat Liichtegkeet opgefëllt. Hëllef dobäi krut de Blake Mills vum Cass McCombs, dee mat komponéiert huet, de Rob Moose, dee fir seng dezent Sträicher-Arrangementer bekannt ass, um Bass d'Session Legend Pino Palladino, oder och de Gabriel Kahane um Piano. Mat Momenter, wéi op Stécker wéi "Farsickness" gëtt een un de Randy Newman erënnert, oder besser gesot dem Harry Nilsson seng Versioune vum Newman senge Stécker um 70er Album "Nilsson Sings Newman", deen eng änlech Ongewéinlechkeet mat "Mutable Set" deelt.

Dem Blake Mills seng Texter bleiwe poetesch an enigmatesch. Op "Money is the True God" gräift hien dem Mënsch seng komplex Relatioun mat Frick op, wärenddeem hie ganz lues e Groove opbaut. Mat mechanesche Niewegeräischer thematiséiert "Summer All Over" de Klimawandel op eng bal gespenstesch Manéier. Op "Window Facing a Window" kënnt den Afloss vum Jazz an dem Great American Songbook erëm ervir.

Selwer beschreift de Blake Mills säi véierten Album als "Soundtrack vun der emotioneller Dissonanz vum moderne Liewen". "Mutable Set" ass keng Plack fir mat engem hallwen Ouer ze lauschteren. Sielen héiert een esou eng detailléiert an duechduechte Klangtapéit, déi engem hei scheinbar ouni vill Ustrengung ausgerullt gëtt. Huelt Iech Zäit a verléiert Iech an den Nuancen.