Radioen

On air

De Weekend  |  Leen - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bimm, Bamm, Bieren

Iechternacher Carillon

Bimm, Bamm, Bieren

Jidderee kennt de Klang vum Carillon. Awer kaum ee weess, wéi dëst Instrument ausgesäit. Zu Iechternach gouf déi fënnett Editioun vun enger Concerts-Serie agelaut. Mat Wierker vu Bach bis Lady Gaga.

auto_stories

2 min

De Fabrice Renard um Iechternacher Carillon

180 Träppleker féiere bis an den héchsten Tuerm vun der Basilika zu Iechternach. Hei steet den Iechternacher Carillon. Den Numm Carillon baséiert um laténgesche Wuert "quaternio". Dat heescht "e Grupp aus Véier". E Carillon ass nämlech aus engem Ensembel vun op d'mannst véier Klacken zesummegesat.

D'international Federatioun vun de Carillonneuren definéiert e Carillon allerdéngs eréischt als Concertsinstrument, wann e 46 Klacken huet. Et gëtt ugeholl, datt deen éischte Carillon mat Clavier ufanks vum 16. Joerhonnert a Flandere gebaut gouf.

E Piano ouni Tasten

De Fabrice Renard ass Carilloneur zu Léck an Enseignant fir Carillon an der Iechternacher Museksschoul. Zu Iechternach wäre 50 Klacken, erkläert hien. "Et ass ganz agreabel hei ze spillen. Den Toucher ass perfekt. Et ass en neit Instrument, dat 2008 gebaut gouf."

E Carillon gesäit e bëssen aus wéi e Piano mat Grëffer amplaz vun enger Tastatur. D'Spille vun dësem Instrument muss geléiert ginn. D'Ausbildung zum Carillonneur dauert ronn zwielef Joer. De Frabrice Renard erkläert, datt niewent den Hänn och d'Féiss zum Asaz kommen. Fir d'Coordinatioun ze trainéieren, an d'Technik ze verbessere misst een all Dag op d'mannst zwou Stonne prouwen.

Mozart a Lady Gaga

De Repertoire vum Carillon limitéiert sech net nëmmen op klassesch a reliéis Musek. De Fabrice Renard spillt zum Beispill och gär mol Stécker vun der amerikanescher Popsängerin Rihanna, déi hien da selwer arrangéiert. "Ech war deen éischte Carillonneur an Europa, dee Lady Gaga interpretéiert huet", erzielt de Museker houfreg. Am selwechte Concert hätt hien awer och Ave verum corpus vum Mozart gespillt. De Carillon wär een Instrument fir de grousse Public: "Natierlech muss ech fir e Maximum vu Leit spillen."

D'Concertsrei zu Iechternach steet dëst Joer ganz am Zeeche vun Europa a Lëtzebuerg. De belsche Komponist an Organist Jean-Luc Lepage huet fir den éischte Concert vum leschte Mëttwoch en Arrangement vum "Léiwe Kleesche" fir Carillon geschriwwen. De Fabrice Renard lauschtert selwer och ganz gären al Lëtzebuerger Vollekslidder.

D'Concerten zu Iechternach sinn nach bis de 17. August ëmmer mëttwochs um 19:30.