Radioen

On air

Notturno  |  The Free Design - Bubbles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Benoit Martiny Band spillt Aircheck Session

Borgs, Klingonen a Venusianer

Benoit Martiny Band spillt Aircheck Session

Dëse Samschdeg Nomëtteg, 16:00, proposéieren Iech d'Musekredaktioun vum radio 100,7 an d'Kulturfabrik ee weideren Online-Concert an der Serie Aircheck. Dës Kéier ee Crossover aus Jazz, Rock an Experimentellem mat der Benoit Martiny Band.

auto_stories

2 min

D'Benoit Martiny Band huet eng grouss kosmesch Rees ugefaangen, bei där sech den Ensembel vun 2014 un zäitweileg op 11 Käpp erweidert huet.

"The Grand Cosmic Journey" vun 2016, an "Moons of Uranus", dëst Joer erauskomm, sinn Testamenter vun enger Zesummenaarbecht mat e puer ganz spezielle Gäscht. Als de Versuch, säi ganzen Universum an eng Plack eranzekréien, huet de Benoit Martiny déi lescht Plack beschriwwen, an d'Resultat ass eng generéis Fusioun tëschent Rock-Influenzen, Free Jazz an enger bal kosmesch-politescher, mee och humoristescher Approche.


Kuckt mat der Benoit Martiny Band zeréck op d'Joer 2020play_arrow


D'Pandemie huet hir Schieter iwwer dës Plack danze gedoen, huet den Zäitpunkt vun hirer Verëffentlechung matbestëmmt, méi wéi ee Joer no hirer Opnam. Den trageschen Doud vun zwee illustere Reesgenossen a Komplizen, den Trompettist Okaro Ito an den elektronesche Komponist Steve Kaspar, hunn dëst Joer zu engem traurege gemaach. Gläichzäiteg gouf "Moons of Uranus" zu engem ëmsou méi wäertvolle Moment an Dokument.

"Moons of Uranus" stellt de Groussdeel vun de Stécker, déi d'Benoit Martiny Band fir dës Aircheck Session op d'Bün vun der Kulturfabrik bréngt. Mam Michel Pilz op der Bassklarinett, dem Joao Driessen um Tenor Saxophon, dem Frank Jonas op der Gitar, dem Sándor Kém op der Bass an dem Benoit Martiny op den Drums liewe si am neie Kleed erëm op. Mee och vun de Virgängerplacke "Grand Cosmic Journey" an "Trauerspill" (2017) si Stécker dobäi. Loosst Iech dëst Gewalterliefnes net entgoen.


Aircheck Sessions: trotz Pandemie live Musek genéissen. Eng Initiativ vum radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik.

Fir Iech op dës véiert Editioun anzestëmmen, lauschtert hei d'Aircheck-Session vun der Rockband Tuys, déi vun der Bluesband Heavy Petrol, an hei déi vu Great Mountain Fire.