Radioen

On air

Notturno  |  Ed Dowie - Red Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Bëbeeën hu Bëbeesmusek net gär"

Philharmonie

"Bëbeeën hu Bëbeesmusek net gär"

Ënner dem Titel BABAbébé proposéiert de Musekspädagog Paulo Lameiro an der Philharmonie e Concert fir e Publikum vun null bis dräi Joer. Um Programm steet trotz dësem jonken Alter keng "Bëbeesmusek".

auto_stories

3 min

Et ass eng ongewinnt Situatioun: De Concert gëtt net an engem Sall organiséiert, mä am Foyer vun der Philharmonie. Fir d'éischt gesäit een eng ganz Partie ronn muusseg Teppecher um Buedem leien - Inselen op deenen all Kéiers zwee Erwuessener an zwee Kanner kënne sëtzen. Positionéiert sinn dës Teppecher ronderëm eng Zort Bün, déi just duerch orange Plane markéiert ass. Wärend d'Sonn tëschent de Saile vum Foyer era liicht, gesäit een, wéi dräi Museker op der Bün verdeelt spillen a sech tëschent hinnen eng Dänzerin hin an hir beweegt. Gläichzäiteg komme vun uewe blo Bléien erof gefall. Et ass eng Zeen, déi eppes Magesches u sech huet.

Och déi Erwuesse sollen ugeschwat ginn

Datt et hei an éischter Linn ëm Bëbeeën, respektiv ëm Kanner tëschent null an dräi Joer geet, géif een den éischten Ament net soen. An dat ass och gewollt. De Concert riicht sech nämlech och un d'Elteren. Konzipéiert gëtt dëse Projet vum Paulo Lameiro. Zanter 1991 setzt hie sech a Portugal mat Concerten a Course fir kleng Kanner auserneen, an dobäi hätt hie geléiert, datt si ni eleng, mä ëmmer an den Hänn vun hiren Eltere géife kommen. Dofir wier et immens wichteg, datt och déi Erwuessen eppes Spezielles an Intensives gebuede kréien.

Wier dat net de Fall, géifen d'Bëbeeën dat iwwer d'Ootmung an d'muskulär Spannung vun hirer Mamm spieren. Doduerch géife si selwer den Interessi fir dat verléieren, wat op der Bün geschitt. De Géigendeel wier de Fall, wann d'Elteren interesséiert wieren. Deen Ament géifen d'Bëbeeë mierken, datt eppes Besonnesches geschitt an hir Konzentratioun dorop riichten. De Paulo Lameiro géif dofir kee Concert fir Bëbeeën eleng proposéieren, mä e Moment an deem d'Elteren d'Musek mat hire Kanner erliewe kënnen.

Bëbeeën kënne gutt Musek erkennen

D'Musek, déi bei esou engem Projet gespillt gëtt, ass dofir och keng "Bëbeesmusek". Dat allerdéngs net just wéinst den Elteren. Bëbeeën hätte Bëbeesmusek nämlech net gär, seet de Paulo Lameiro.

"Mënsche mat nëmmen e puer Méint sinn intelligent an natierlech sensibel. Si kënne gutt Musek vu schlechter ënnerscheeden, e gudde Museker vun engem schlechten."

Bei hire Concerten a Portugal hätte si festgestallt, datt d'Bëbeeën ënnerschiddlech op d'Musek reagéieren. Wiere si interesséiert, géif sech hier Ootmung veränneren, hier An géife méi grouss opgoen a si géifen hir Positioun änneren. Wann alleguerten d'Fakteure stëmmen, kéinte si sech dann och iwwer eng länger Zäit konzentéieren..

"D'Eltere stelle fest, datt hire Bëbee vu sechs Méint 45 Minutte laang konzentréiert ass a Musek vum [...] Bach, Mozart a Strawinsky lauschtert. "