Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - Light Flight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bach a Vivaldi um Akkordeon, der "klenger Uergel"

Richard Galliano am 100,7-Interview

Bach a Vivaldi um Akkordeon, der "klenger Uergel"

Den Numm Richard Galliano ass fir éiweg verbonne mam Akkordeon. De 14. Dezember huet hien an der Philharmonie Bach a Vivaldi gespillt, zesumme mat de Solistes Européens an ënnert der Leedung vum Christoph König. Mat engem Repertoire, dee sech vum Cliché vun der "valse musette" ewech beweegt, huet den erfuerene franséische Museker dem Instrument seng “lettres de noblesse” zréck ginn.

Michel Delage, Manuel Ribeiro

auto_stories

3 min

Richard Galliano

An awer steet de Richard Galliano zu der "valse musette", deem populäre Genre: "Als Kand hunn ech misse materliewe wéi mäi Papp, deen an de 6oer Joeren - also an der Yéyés-Zäit - professionellen Akkordeonist war, op de Baler ausgepaff gi war." Dorënner hätt de jonke Galliano gelidden. "Zënter hir gesinn ech et als meng Aufgab un, dësem Instrument déi richteg Stellung an dee richtegen Image ze ginn".

Bach a Vivaldi um Akkordeon? "Dat erstaunt vläicht deen Deel vum Publik, deen am mannste virwëtzeg ass", sou de Solist. De Bach géif schonn zënter iwwert engem Joerhonnert op deem Instrument gespillt ginn, dat an engem klasseschen Orchester grad ewéi an enger Jazzband géif passen (de Richard Galliano huet ënnert anerem mam Winton Marsalis sengem Quintett gespillt).

No Bach a Vivaldi, moosst sech de Galliano elo och um Mozart

De Concerto fir Gei n.1 vum Bach oder Extraiten aus de Véier Joreszäite vum Vivaldi, arrangéiert fir Akkordeon als Solist? Wéi dat kléngt, wéi een neit Liicht op dës Barockmusek strale kann, beweist de Galliano ënnert anerem op zwee, beim Label Deutsche Grammophon erschéngen, Albumen. “Den Akkordeon kléngt wéi eng erweidert Uergel”. Op der Uergel géif d'Nout statesch bleiwen an um Piano souguer ofstierwen, während den Akkordeon hir Ausdrock géif ginn.

Den Iwwergang zum klassesche Repertoire hätt den Tango-Meeschter Astor Piazzolla ("mäin zweete Papp") dem Galliano erméiglecht. Am Januar soll de Fransous iwwregens een neien Disque mat Stécker vum Mozart ophuelen ("dat ass elo e Scoop!"), och bei Deutsche Grammophon. Geplangt sinn de faméise Klarinetteconcerto, d’"Marche Turque", "Eine kleine Nachtmusik" an nach aner “Hits”, déi mat engem neie Klang a Charme solle op CD festgehale ginn.

D'Zukunft vum Akkordeon geséchert

De Richard Galliano hofft, datt hie bis 80 Joer nach ka stoe fir ze spillen - seng léifste Positioun. Säi Victoria-Akkordeon ("mäi Stradivarius") weit 13 Kilo: "et ass wéi wann ech 43 Geien op den Äerm ze halen hätt". Säin Instrument wier awer sou gutt equilibréiert, datt hien d'Gewiicht net géif spieren.

D'Zukunft vum Akkordeon gesäit de Galliano als geséchert. "Eng wonnerbar Erneierung" hätt sech vollzunn. Déi Jonk hätten d'Fal ëmgaang, sech gezwongen ze fillen een zäitgenëssesche Repertoire mussen ze spillen. Villméi hätte jonk Museker hir Synthèse gemaach vun deene verschiddene Genren, sief et Zäitgenëssesch, Klassesch oder Jazz.

De Manuel Ribeiro huet sech mam Richard Galliano während deem sengem Passage zu Lëtzebuerg ënnerhal: