Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Baaba Maal - The Traveller

Album vun der Woch

Baaba Maal - The Traveller

Duerch d'Zesummeanarbecht mat europäesche Museker aus dem Popberäich kritt dem Baaba Maal seng Musek eng aner Nues. Dominant sinn nach ëmmer eendeiteg d'Kläng aus senger Heemecht. Méi eng sophistiquéiert Produktionstechnik an eng erweidert Gamme vun Instrumenter réckelen d'Kulturen awer méi no zesummen. Parallel zu de méi puristesche Sortien am Beräich "World" weist sech de Baaba Maal als Vertrieder vum "World Pop". An erreecht domadder méi e breeden a jonke Publikum.

auto_stories

4 min

Ass de Baaba Maal den Typ vum Griot? De Geschichtenerzieler, deen am Nordsenegal vun Duerf zu Duerf zitt, do d’Leit vu no a méi wäit zesummebréngt an d’Aktualitéit a Nouten an a Wierder verbreet? Eng Fro, déi mat engem klore "Jo" ze beäntweren ass. Wann een de Griot am Joer 2016 gesäit. Wann een u säin Albumtitel denkt: "The Traveller" - deen dee reest. Wann een d’Welt an där de Baaba Maal ënnerwee ass als e globaalt Duerf gesäit. A säi Public, deen him rondrëm d’Welt nolauschtert als déi, deenen hien eppes z’erzielen huet.

An der Traditioun verwuerzelt

Deen 63-jährege Sänger gesäit sech als Vertrieder vum nordsenegalesche Vollek vun den Tukulor. Seng Mammesprooch ass Pulaar an hie fillt sech als Foulani, nom Numm vun der Provënz wou hien hier kënnt. Dat ass bësse komplizéiert a komplex fir westlech Oueren. Dofir hunn eis Virfahren jo och mam Lineal Strécher duerch Afrika gezunn, fir sech de Kontinent méi einfach kënnen opzedeelen. Ouni Rücksicht op iergendeppes, et sief dann de Räichtum, deen aus Mënsch a Buedem erauszezéie war.

Mat sengem eeleften Album geet de Baaba Maal dee Wee weider, deen hie spéitstens zanter senger Kollaboratioun um Blockbuster "Black Hawk Down" ageschloen hat. Den Hans Zimmer hat hie fir véier Titelen am Soundtrack engagéiert. Op "The Traveller" erzielt de Maal vu senge Renconter mat den an England baséierte Multi-Kulti-Museker vu "The Very Best", vu sengem Gedankenaustausch an der Kollaboratioun mam Winston Marshall vu "Mumford and Sons", vum Festival "Blues du Fleuve" am Senegal, op deen hie Leit aus verschiddene Kulturkreesser zesummebréngt.

E Melting Pot wou alles zesummeleeft, Nord a Süd, Djembe an elektresch Gittar, Banjo a Calabash. Oder Traditioun a Modernitéit, afrikanesch World-Kläng déi op westleche Pop aginn, ouni sech dobäi unzebidderen, ouni hier Identitéit ze verléieren. World meets Pop: Wat op "The Traveller" zweiwellos de Fall ass. En Album vun engem, dee wëll weiderkommen a keng Angscht huet Neies ze probéieren. Och wann en dobäi bei dem engen oder anere Purist mol ustéisst.