Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausgeaart a Rock'n Roll

The Kills - Little Bastards

Ausgeaart a Rock'n Roll

Eng Sammlung vun onverëffentlechte Studio-Outtakes misst eng besonnesch gëeegent Geleeënheet sinn, de Kills hir Schnappschëss vu rengem Flow ze entdecken, oder erëmzeentdecken. Den Duo vun The Kills, dee viru gutt 20 Joer ugefaangen huet, zesummen ze spillen an dëst Joer ee Réckbléck wot.

auto_stories

3 min

Wéi the Kills 2003 mat hirer éischter Plack erauskoumen, huet een de raue Charisma vum Projet direkt gespuert. Eng Alison Mossheart, déi wärend dem Sangen ëmmer um fëmme war a keng Angscht hat, aus sech erauszegoen, an ee béisaarteg spillende Gitarrist mam Numm Jamie Hince, dee seng Riffs iwwer e puer ballernd Drummachine-Loops gestreet huet. Verzeilech wann ee sech dorënner eng Aart White Stripes bis virgestallt hätt.

Dat wat eng Punk-Sängerin aus England an een amerikanesche Rockgitarrist no engem kuerze, mee intensiven Treffen op Tour per Post opgebaut haten, war allerdéngs zimmlech eenzegaarteg, een Jackson-Pollock Contrepoint zu de White Stripes hirem elegante Stil. Am Esprit tëschent Lou Reed, Screamin' Jay Hawkins an Tom Waits, am Sound rengste Garagerock, decken hir minimalistesch Stécker eng grouss Bandbreet of, an hunn dach een onverkennbare Stempel. Bei de Kills stounge vun Ufank un all Zeechen op Catharsis, ob an den intensive Live-Performances oder de selwer produzéierten Opnamen, déi meeschtens op ee besonnesch kréckelegen an exzentreschen Take zeréckgegraff hunn.

"Eise schéinste Feeler"

Eng Sammlung vun onverëffentlechte Studio-Outtakes misst also eng besonnesch gëeegent Plattform sinn, de Kills hir Schnappschëss vu rengem Flow ze entdecken oder erëmzeentdecken. Dem Duo seng nei Release ass genee dat: Material, dat tëschent 2002 an 2011 opgeholl gouf, an et bis elo entweder néierens hin, oder just op d'B-Side vun enger Single gepackt hat.

"Superpowerless", den Opener vun dëser Sammlung gouf an de Sessiounen zu hirem drëtten Album "Midnight Boom" opgeholl, gouf awer wéinst engem Tempo-Feeler vun der Songlëscht ausgeschloss. "Et war dee schéinste Feeler, dee mir jee gemaach hunn, mir hunn dacks probéiert, en esou nozespillen, mee et ass eis ni gelongen", esou d'Alison Mosshart am virgefäerdegte Presse-Interview.

Um Ufank e Lockdown Projet

"Little Bastards" huet als Lockdown Projet ugefaangen, a mat enger gewësser Nostalgie vun deenen zwee a leschter Zäit vill méi produzéiert kléngende Garagerocker. Och wann esou munches hei just ee Skelett vun engem Song ass, mat heiansdo just sangen an an d'Hänn Klappen als eenzeg Instrumentatioun, bréngt grad dëst d'Expressivitéit no vir an hieft dat momentbezunnent an hirer Musek eraus. A wärend ee sech esou duerch d'Songs lauschtert, e puer dovunner Cover Versioune vun Tracks, déi hire musikalesche Wee matbestëmmt hunn, huet een ni d'Gefill, eppes ze lauschtere wat just vum Camion gefall ass. "Call It Art" zum Beispill gouf um Hince sengem ale Polymoog gemaach, just éier deen de Geescht opginn huet. Dëst ass eng Plack vu ville klenge Geschichten a erschéngt dofir op den éischte Bléck e bësse wéi ee Gimmick fir Fanatiker vun der Band, eng Aart Fotoalbum an Toun souzesoen. Mee d'Saach ass déi hei, fir sech eleng gekuckt ass dës Plack wuel esou befriddegend, wéi een neie Kills-Album, vläicht esouguer méi, ouni der Band hire méi rezente Placken Onrecht doen ze wëllen. ("I Put A Spell On You").

Charmant, rau a mat engem rockege Punch, dee senges Gläiche sicht, ass "Little Bastards" besonnesch recommandéiert beim Späicher raumen, Roserei erausloossen oder all aner Aktivitéit, déi vu spontanen a staarken Energie-Entluedunge géif profitéieren. Als Adjektiver komme folgend als éischt an de Sënn: elektresch, ureg, ausgeaart a Rock'n Roll. Loosst Iech dës Plack net entgoen, wann Iech eng e bëssen aner Rockplack géif Pleséier maachen oder Dir eng Passioun fir Schnappschëss hutt.