Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Musek nach ëmmer ee Männergeschäft?

Riicht Eraus

Ass d'Musek nach ëmmer ee Männergeschäft?

Musek faszinéiert Jongen a Meedercher am selwechte Mooss. Bei deene Jonken, déi eng Museksausbildung verfollegen, si béid Geschlechter gläich vertrueden, schonn zanter Laangem.

auto_stories

3 min

Invitéen: Catherine Kontz, Joe Haas, Sascha Ley.

Wann een awer kuckt, wéi vill vun hinne spéider och ee Beruff an dem Beräich wielen, läit déi geschätzte Verdeelung éischter bei 70 zu 30 Prozent, zu Gonschte vun de Männer.

Virurteeler ginn et nach ëmmer

Aus der Diskussioun, aus den Erfarunge vun deenen zwou invitéierte Musekerinnen an och zougespillten Aussoen, schiele sech e puer Erklärunge fir dëse Constat eraus.

Ëmmer nach besti Virurteeler, déi an der Educatioun net genuch gekontert ginn, wéi zum Beispill, datt ee Frae mat den techneschen Aspekter vum Museker-sinn misst "hëllefen", oder datt eng Fra, déi Autoritéit ausstraalt, sech just géif opféieren.

Gläichzäiteg gëtt awer, besonnesch a Beräicher ausserhalb vum Mainstream, observéiert, datt Chancegläichheet an esouguer Paritéit an de Programmatiounen an direkter Reechwäit leien.

Mesurë fir d'Paritéit

Esou proposéiert de Siren's Call Festival, dee vum Atelier a vum Neimënster organiséiert gëtt, genee esou vill weiblech wéi männlech Intervenanten, wärend d'Rotonden ouni Quoten oder besonnesch Mesurë fir hire ganze Programm een Equiliber vun de Geschlechter fannen.

Dëst schéngt ze bestätegen, datt et ausserhalb vun de groussen Nimm méi Spillraum gëtt. An der klassescher Musek schéngen d'Kaarte vun de Fraen awer manner gutt. Besonnesch a féierende Rollen, als Dirigentin oder Komponistin, fënnt een nach seele Fraen.

Dat huet engersäits eppes mat der historescher Natur vum Material ze dinn, well al Musek vläicht och mat alen Attitüden a Verbindung bruecht gëtt.

Doriwwer eraus gëtt et natierlech een Defizit am Opschaffen a Wierdege vun deene wéinege Komponistinnen, déi an der Vergaangenheet entgéint aller Gläichgëltegkeet Musek geschriwwen a praktizéiert hunn. Hei ass Lëtzebuerg awer fortschrëttlech, well dem Cid-femmes seng Museksbibliothéik, geréiert vun der Musekologin Danielle Roster, hei ee wichtege Contre-point gëtt.

Paus am Beruff als Enn vun der Karriär?

D'Realitéit vun enger weiblecher Karriär, ënnerbrach, wéi se dacks ass, wann een op Kanner a Famill net wëllt verzichten, ass ee weidere Punkt, bei deem en Ongläichgewiicht beseet. Ginn de Pappecongé an de verlängerte Congé fir Elteren do duer?

Dacks ass et grad dës Paus, déi fir eng Kënschtlerinnen-Karriär den Aus bedeite kann. Ob ee gewëssent Mooss u Kompensatioun zugonschte vun de Fraen eng gewësse positiv Diskriminatioun, ubruecht wier, spléckt d'Invitéen.

Genne wéi och d'Fro, ob d'Evolutioun zugonschte vun enger Gläichberechtegung nach ëmmer positiv ass, oder zanter den 80er Joren éischter e wéineg réckleefeg.


Invitéen: Catherine Kontz, Komponistin - Sascha Ley, Sängerin, Komponistin a Schauspillerin - Joe Haas, Chargé de mission fir Musek um Kulturministère. Mat Stëmme vu C'est Karma, Claire Parsons an Trixi Houssong.