Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng héich Toleranz fir verschidde Stiler musikalesch anzebannen"

Skarbø Skulekorps

"Eng héich Toleranz fir verschidde Stiler musikalesch anzebannen"

Dem Jazz-Batteur Øyvind Skarbø säi Septett knabbert un Jazz, Country, Krautrock oder och Afrobeat. Bléiser grooven, eng Pedal Steel jéimert an Uergelen a Synthië suerge fir vill weider Texturen. Um Debut Skarbø Skulekorps geet allerhand hir.

auto_stories

3 min

Dee besonnesch organesche Mix deen een op Skarbø Skulekorps zervéiert kritt, spigelt dem Bandleader a Batteur Øyvind Skarbø seng musikalesch Kandheet erëm. Als Bouf an Norwegen an den 90er ass e mat Rock opgewuess. Hendrix, Nirvana, d'Red Hot Chilli Peppers an esou virun. "An dunn huet meng Schwëster ugefaange mir Mixtapes ze maachen". Op dëse wier allméigleches drop gewiescht. Vu Roxette bis hin zu Sepultura. Jazz a Fusion koume réit spéider. "Dës musikalesch Diversitéit huet zënterdeem eng zentral Plaz a mengem Liewen. Oppen ze sinn, dat ze maache wat ech wëll maachen. Ouni mir dobäi Suergen ze maachen ob et esou oder esou kléngt."

Säin oppent Gemitt fënnt een allgemeng an der Norwegescher Jazz Zeen erëm. Wann een duerch de Katalog vum Label Hubro kuckt da fält engem op wéi Textur méi wéi Komplexitéit am Fokus steet. "An Norwegen hu mer eng héich Toleranz fir all Zort vu Stiler an Expressiounen musikalesch anzebannen". Eng grouss Well vu Free Jazz wier déi lescht zwanzeg Joer am Land ënnerwee. Op Skarbø Skulekorps gëtt d'Fräiheet am Spill deementspriechend zelebréiert. Heiansdo kann dat och roueg kakophonesch ginn. Um Opener daucht zum Schluss e lokale Museksveräin op, mat vill schiifem a chaoteschem Genuddels. "D'Konscht e gudd Lidd ze schreiwe soll allerdéngs net vergiess ginn", seet den Øyvind Skarbø. "Melodien an Harmonië fannen op déi den Nolauschterer reagéiere kann, onofhängeg vum Toun, ass wichteg."

An dem Øyvind Skarbø sengem fréieren Trio 1982 gouf nëmmen improviséiert. Keng Nout ass op engem Blat festgehale ginn. A sengem neie Projet sinn elo aner Prinzipien am Spill. Skarbø Skulekorps ass keen Trio, mee e Septett. An den Jazz-Batteur huet d'Roll vum Komponist assuméiert. Et wier déi éischte kéier, datt hien esou spezifesch Musek geschriwwen hätt. Allerdéngs wousst den Jazz-Batteur net bis en am Studio war, wat hie selwer géif op der Batterie spillen. "Di meescht Iddië komme beim duschen oder trëppelen. Dës ginn dann zesummegequëtscht fir ze kucken op eppes Sënn mécht." Meeschtens géif net vill dobäi erauskoumen. Et misst ee vill un der initialer Iddi fréckele goen bis dass sech eppes ergëtt.

D'Iddi vum Septett hätt sech zimlech einfach erginn. D'Pedal Steel Gittar wollt hien op alle Fall an der Band hunn. Dem Beck säi Lidd "Sex Laws" huet bei him d'Léift fir d'Instrument ausgeléist. "De Breakdown an der Mëtt vum Stéck huet dëse perfekte Solo. Fir mech ass dat dee gëllene Moment vun der Pedal Steel." Bléiser grooven, eng Pedal Steel jéimert an Uergelen a Synthien suerge nieft Bass a Batterie fir vill weider Texturen.

"Fir eng Band vun där Gréisst zesummenzebréngen a se anzeprouwen ass deier. Fir se opzehuelen ass nach méi schlëmm." Fir Käschten ze spueren ass alles an dräi Deeg geschitt. Een Dag laang gouf alles geprouft an zwee Deeg laang opgeholl. "Entweder geet dat komplett schiif oder et fonktionnéiert." Mam Resultat ass e méi wéi zefridden. "Meng Matmuséker hu meng Partiture geholl a se op en anere Niveau bruecht", sou den Øyvind Skarbø.