Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "An enger Emotioun oder enger anerer Persoun hirem Charakter erdrénken"

Claire Parsons Single

"An enger Emotioun oder enger anerer Persoun hirem Charakter erdrénken"

Enn Mee bréngt déi lëtzebuerger Musekerin hiert neit Wierk "In Geometry" eraus. Eng Konzeptplack, déi sech mat Formen allerhand beschäftegt. Déi éischt Single "No Shape" ass dat eenzegt Lidd, dat sech net an dës Iddi afüügt.

auto_stories

2 min

Den Text wier ëmmer dat lescht Element am Schreifprozess, esou d'Claire Parsons. Wa bis d'Musek prett wier, da géing d'Aarbecht ufänke fir déi abstrakt Emotioun aus der Musek a Wierder ze faassen. Eng Geschicht ze erzielen. D'Lyrics fir déi éischt Single vum neien Album "In Geometry" wiere kuerz virun der Opnam am Studio entstanen. "D'Lidd geet ëm eng Persoun oder Emotioun an där een erdrénke kann. Wéi engem säi Charakter vun aneren geformt ka ginn. En erdréckend Gefill, wat ee vläicht a Partnerschaften erëmfënnt."

D'Musek um Album dréit sech wéi den Numm et seet ëm Geometrie. "All d'Stécker sinn un iergendenger Zort vu Geometrie orientéiert, an der Struktur zum Beispill". Wéi Radiohead et ënner anerem mam Lidd "The Pyramid" et 2001 gemaach hätten. E Stéck, dat fir seng komplex Taktaart bekannt ass. D'Texter géinge Liewenssituatiounen a Momenter beschreiwen, déi si erlieft. D'Claire Parsons hätt awer ëmmer probéiert iwwer d'Geometrie déi ëmzesetzen. Allerdéngs hätt déi spezifesch Emotioun, déi si am Stéck "No Shape" ausdrécke wollt keng Form. "Et ass deen eenzege Song um ganzen Album, dee keng Form huet", geckst d'Claire Parsons.

Op "In Geometry" gëtt d'Musekerin vum Gittarist Eran Har Even, de Batteur a Pianist Jérôme Klein, de Bassist Pol Belardi a Batteur Niels Engel begleet. D'Aarbecht un der Preproduktioun an de Kompositioune wier zesumme mam Charel Stoltz geschitt. "Vu datt mer all esou verspreet an e chargéierte Programm hunn, hunn ech relativ vill vun den Arrangementer fäerdeg gemaach, éier mer an de Studio gaange sinn." Et hätt een drop opgepasst ze kucken, wat d'Lidd bräicht. "Net méi an net manner", esou d'Claire Parsons.

"In Geometry" kënnt den 29. Mee um Label Double Moon Records eraus.