Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - I'm Thinking Of A Number (Between 1 And 2)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alternativ Concertsformen an der Philharmonie

Lockdown an der Kultur

Alternativ Concertsformen an der Philharmonie

Wéinst der héijer Zuel un Neiinfektioune mam Coronavirus mussen och d'Concertshaiser bis op d'mannst de 15. Dezember zoubleiwen. D'Philharmonie probéiert de Kontakt mam Public trotzdeem bäizebehalen. Den Owend um 8 iwwerdréit de radio 100,7 live aus der Philharmonie.

auto_stories

1 min

Nodeems d'Regierung nei Corona-Mesuren annoncéiert hat, huet d'Philharmonie annoncéiert, datt bis de 15. Dezember sämtlech Concerten ofgesot sinn.

De Kontakt mam Public gëtt allerdéngs net ganz ofgebrach. Grad wéi am Fréijoer proposéiert d'Concertshaus erëm alternativ Concertsformen, erkläert d'Tiffany Saska, Pressespriecherin vun der Philharmonie.

Mir versichen natierlech iwwer beispillsweis d'digital Medien online mat de Melomanen ënner eis a Kontakt ze bleiwen. D'Leit wëllen och weiderhin Zougrëff zur Kultur hunn. Do si Saache geplangt, beispillsweis wäert den OPL ee Concert spillen, deen dann och soll bei Iech op der Antenn iwwerdroe ginn. Esou gëtt da versicht, wierklech de Kontakt ze halen, an och mat klenge Videoe mat de Museker de Leit d'Freed un der Musek ze vermëttelen.

Den Owend, 3. Dezember, um 8 Auer iwwerdréit de radio 100,7 live aus der Philharmonie. Um Programm: "Apollon Musagète" vum Igor Strawinsky an och de populäre Geieconcerto vum Felix Mendelssohn Bartholdy, dirigéiert vum Gustavo Gimeno.