Radioen

On air

Notturno  |  Bells Atlas - Spec And Bubble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alexandra Oxacelay: Rebellioun a Léift

Musikalesch Visitekaart

Alexandra Oxacelay: Rebellioun a Léift

D'Directrice vun der "Stëmm vun der Strooss" ass Fan vu Musek aus den 80er. Schwéierpunkten an hirer Muskalescher Visitekaart si Rock, Liebeslidder a politesch engagéiert Songs. Si erkläert firwat.

Fred Medernach / ys

auto_stories

3 min

D’Alexandra Oxacelay erënnert gär un hir baskesch Originnen. Si kënnt aus der Géigend vu Bayonne, wou si och regelméisseg op Besuch zréckgeet. D’Liewesfreed an där Géigend gefält hir immens gutt. Manner begeeschtere ka si sech awer fir den ausgepräägten Nationalismus, deen d'Tendenz zu Exzessivem huet: "Dat mécht mir Angscht, iwwerall op der Welt." Et wier schéin, wann eng Natioun op hir Kultur an hir Sprooch géif hiweisen. Si sollt sech dobäi awer net iwwert de Rescht vun der Welt stellen.

Rock'n'Roll a Léift

Musikalesch fält op, datt ee mat der Presidentin vun der Stëmm vun der Strooss dacks an den 80er ënnerwee ass. Och Rockeges, wéi AC/DC ass derbäi: "Musek fir ze danzen, Onkonventionelles, Rebellesches, Alles ginn..." Rock'n'Roll eben! Si hätt gär an de méi engagéierte Siechzeger gelieft. Haut feelt hir dat an der Gesellschaft. Net genuch Leit géife sech fir eppes asetzen, konsuméiere wier Tromp.

Natierlech ass och d’Léift op der Playlëscht vertrueden. Ënner anerem mam Edith Piaf: "Eng Fra, déi ëmmer erëm opgestan ass, an näischt hallef gemaach huet". Oder och mam Umberto Tozzi sengem Ti Amo "Mäi Mann, hien ass Italiener, séngt mir dat vir."

Sozial engagéiert, awer net politesch

Et wier wichteg, datt si Owes nom Aarbechtsdag kéint ofschalten, sou d'Alexandra Oxalelay. Dat misst si och, soss kéint si hiren Job net ausüben. Awer si géif gär iwwer Engagement a Solidaritéit schwätzen. Op déi Manéier kéint si informéieren an anerer op Ënnerstëtzung uschwätzen.

Politesch wollt d'Invitée sech net äusseren. Si géif kenger Partei bäitrieden, dofir wier si net genuch um Courant vun der Politik, géif d’Aktualitéit net genuch suivéieren. "Ech sinn net diplomatesch genuch dofir". Politiker kommen net all ze gutt ewech bei hir: "Fir mech si se alleguer d'selwecht, si versprieche vill an halen net ëmmer dat an, wat si verspriechen." 

Si begréisst awer Aktiounen a Lidder vu Kënschtlerinnen, wéi dem Pink, déi hir Popularitéit benotze fir sech z’engagéieren a fir op Mëssstänn opmierksam ze maachen. 

E läscht Uleies vum Alexandra Oxacelay: de Site www.stemm.lu besichen a sech iwwert d’Associatioun an déi ganz Equipe hannendrun informéieren.