Mat der selwechter däischterer, eng Grëtz melancholescher Stëmm mellt sech déi haut 46 Joer al Britin erëm. Den neien Album heescht "Closer to the people" an dréit säin Titel zu Recht. Méi no bei de Leit ass d’Devise am Moment fir d’Sängerin, déi erëm, wéi am Ufank vun hirer Carrière, duerch méi kleng Säll tourt, fir erëm op sech opmierksam ze maachen. Mat den 10 Titele mécht si dat op eng beandrockend Manéier: onspektakulär, éischter am méi rouege Beräich, wou songwriting op Jazz, Soul a Blues trëfft, mat enger exzellenter Band an där de Martin Winning, Saxophonist beim Van Morrison, d’Regie iwwerhëlt. Den Numm vum Morrison daucht dacks op wann ee sech mat den neie Lidder vum Tanita Tikaram beschäftegt – dat sech net opdränge wëll, dat een awer mathëlt, dat dacks seet manner wier méi, de Swing, deen no vir dreift ouni ze hetzen...
"Closer to the people" markéiert de Retour vum Tanita Tikaram, déi dobäi awer net op aktuell Trender kuckt, keng speziell Remixen ubitt, keng einfach Charts-Schemaen adaptéiert. De Rhythmus gëtt déi eng oder aner Kéier gebrach ouni direkt späreg ze ginn, bei den Instrumenter setzt si ënnert anerem och op Flütt, Klarinett, Trompett an Akkordeon - de Repertoire ass éischter fir de gemittleche Nuetszuch geduecht wéi fir den TGV-Express. A sämtlech Titele si moossgeschneidert op d’Haaptprotagonistin – logesch, sinn et dach lauter Eegekompositiounen, entweder solo geschriwwen oder mam Bandleader Martin Winning zesummen. Esou ass "Closer to the people" e ganz perséinlechen Album ginn, deen duerch déi speziell Stëmm wuel un "Twist in my sobriety" erënnert, mee deen d’Tanita Tikaram sollt vum one hit wonder lassléisen. Si huet definitiv méi drop.