Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musikalesche Bijou vun engem exoteschen Inselstaat

Album vun der Woch

Musikalesche Bijou vun engem exoteschen Inselstaat

"Soul Sok Séga" ass eng Compilatioun mat Musek vu Mauritius. Séga war d'Musek vun de Sklaven. Am läschte Joerhonnert huet se eng funky Renaissance erlieft. Wee se nach net kennt, muss se entdecken.

Tom Dockal / ys

auto_stories

2 min

"Mir mussen direkt ophalen, nei Musek opzehuelen an ze produzéieren. Fir d'éischt muss alles gelauschtert ginn, wat schonn exiséiert." Mat dëser Ausso hat de Museker Matthew Herbert all déi Leit viséiert, déi mengen, si géifen alles kennen. Et gëtt nämlech nach vill spannend an exotesch Musek z'entdecken.

Wat ass Séga?

De britesche Label Strut Records ass op Reeditioune vun esou Musek spezialiséiert. Zum Beispill Séga Musek aus de 70er Joere vu Mauritius. Séga war de Blues vun afrikanesche Sklaven, déi am 16. Joerhonnert an den Inselstaat bruecht goufen. Textlech gewierzt mat kreoleschen Devinetten an enger ganz markanter Instrumentéierung aus lokalen Drums an enger Triangel. D'Compilatioun "Soul Sok Séga" ass den Album vun der Woch vum 8. Februar um 100,7.

An den 1960er Joeren huet sech Séga am Post-Sklaverei Zäitalter entwéckelt. Jonker hate keng Loscht op Séga als Identifizéierungsatout als Victime an hunn d'Musek mat westlechen Aflëss aus Jazz, Funk a Soul vermëscht. an de 70er hat sech de moderne Séga fest an der mauritescher Musekwelt etabléiert. Schlësselfigure fir dës Renaissance waren d'Produzente "Gérard Cimiotti" a "Marclaine Antoine". Si stinn um Ufank vun deene meeschter Kënschtler, déi op der Compil vertruede sinn. Ee vun de grousse Staren ass de "Claudio Veeraragoo" mat zwee Songs: "Bonom Chinois" a "Bhai Aboo".

Fir déi zweet Halschent 2016 huet de Label eng Tournée mat deene mauritesche Musekshelden annoncéiert. Dem indeschen Ozean a senge syncopéierten a funky Drums, vermëscht mat obskuren Intrumentarien a flott verréckte Vocals ass schlecht ze widderstoen. Mega Séga!


Link: D'Compilatioun um Site vu Strut Records