Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Originell zitéieren?

Working Men's Club - Fear Fear

Album vun der Woch: Originell zitéieren?

Aus dem Beräich vum synthetesche Pop zéie Working Men's Club d'Elementer fir staark existenziell Krise gräifbar ze maachen. Ee Push-Pull tëscht Keyboards a Rhythmus mat vill Talent, fënnt de Marc Clement.

auto_stories

4 min

Foto: picture alliance / Photoshot | Dafydd Owen / Avalon

Working Men's Club - dat ass eng Band, déi een och hei op der Antenn schonns héieren huet, oder?

Jo, stëmmt. Hiren Debut viru knapp zwee Joer, deen einfach "Working Men's Club" heescht, hat schonns eng Partie Welle geschloen, och well de Frontmann a Kapp vun der Band, de Syd Minsky-Sargeant nach een Teenager war, wéi se erauskoum.

D'Plack hat näischt Onräifes oder Naives u sech, mee huet mat enger klorer Visioun an enger gewësser Déift iwwerrascht, wat keng Selbstverständlechkeet ass, besonnesch am Beräich vum synthetesche Pop.

Synthetesche Pop, do denkt een dach un d'80er, Depeche Mode, New Order, esou Saachen..

Absolut, a besonnesch New Order sinn eng Inspiratioun fir Working Men's Club. Déi eng aus dem Yorkshire, déi aner aus dem Lancashire, ootmen déi zwou Bands déi verreenten, sozial net ëmmer roseg Atmosphär vum engleschen Norden.

Der Band hiren Numm deit och op dës Connectioun hin: ee Working Men's Club war Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Plaz, wou einfach Aarbechter an hir Famillje konnten e bësse Fräizäit genéissen a sech weiderbilden, ee populären Analog zu de besser bekannten Gentlemen's Clubs.

Mee et ass net alles gro a schwaarz hei. Och déi euphoresch Montéeën, déi New Order zu hirer Zäit erreecht hunn, gelénge bei Working Men's Club an engem moderniséierte Sound ganz gutt.

Et denkt ee kloer un d'80er, mee dat hei ass méi wéi Persiflage, Pastiche oder postmodern Citatioun. Aus der bekannter Formel vu Rockmusek, déi op Synthesizer gespillt gëtt, zéie Working Men's Club d'Elementer fir staark existenziell Krise gräifbar ze maachen, wou fréier Synth-Pop-Bands villäicht e bësse méi lakonesch virgaange sinn.

Interessant ass och, datt d'Band am Virprogramm vun New Order mat op Tour geholl goufen, an een déi zwou Band domadder konnt Back2Back erliewen. An och wann dem Minsky-Sargent seng Manierismen un dem Ian Curtis seng erënneren, vun Joy Division, der Virgängerband vun New Order, a villäicht express, ass dat hei vill méi eloquent an oppen, manner wierklech tragesch an e Stéck méi lieweg wéi eng al Joy Division Plack, ganz besonnesch wat d'Wierder zur Musek ugeet.

Wouvunner handelen d'Texter dann zum Beispill?

D'Sujete sinn u sech näischt Besonnesches, et geet zum Beispill ëm d'Geld, wat d'Welt regéiert, em den debiliséierende Manktem vu kultureller Erneierung an der Gesellschaft, a wéi Angscht als Drockmëttel den ëffentlechen Debat vergëft, mee dës Kéier méi visceral, manner zynesch verpaakt.

Waren d'Texter op der éischter Plack e bëssen narzisstesch ronderëm d'Erfarunge vun engem Ich-Erzähler gestréckt, deen dacks an der drëtter Persoun ugeschwat ginn ass, fir nach méi Distanz ze schafen, esou ass déi nei em eppes méi räich.

Kann een eigentlech originell sinn, wann een am Sound dann dach esou no un ale Virbiller pecht?

Déi Fro hunn ech mir och gestallt. Am Ufank hunn ech dru gezweiwelt, mee wat ee Fear Fear méi dacks lauschtert, wat engem seng Originalitéit méi present gëtt: Ech fannen dës Plack vill besser wéi hir éischt.

Si huet ganz kloer e puer Tuben drop, déi engem esou séier net méi aus dem Kapp ginn. Gläichzäiteg gëtt se op eng Manéier vun de Synthesizeren an de Wieder gedroen, déi méi eng feinfüleg Interaktioun vun den Elementer erlaabt.

Alles verstäerkt an nuancéiert sech géigesäiteg, an dat ass eppes, wat an dëser dann dach dacks bal mam Lineal gezunne Museksrichtung, richteg seelen ass. Do ass ee Push-Pull tëscht Keyboards a Rhythmus, tëscht Wieder a Klangfaarwen, deem ze vill Talent zu Gronn läit, fir datt een et ignoréiere kéint.

Eng "Band To Watch"?

Sécherlech, a méi wéi dat. Mee kloer, et ass ee gespaant, wat dëse Quartett nach alles wäert zuwee bréngen, si schéngen op engem gudde Wee.