Ice in my Eyes Een Album fir de Summer

Pop-Pärele "made in Lëtzebuerg": mat hirem neien Album "Diamond" iwwerzeegen "Ice In My Eyes" op ee Neits. An zwar duerch d'Mëschung tëscht enger gewësser Melancholie, a virun allem vill groovegem Sound.

Marc Clement / ckl

ICE IN MY EYES.jpg
"Diamond" heescht den neien Album vun "Ice In My Eyes"

"Ice In My Eyes" sinn eng lëtzebuergesch Indie-Formatioun, déi ab 2013 aus verschiddene Rekombinatiounen entstanen ass. Den Olivier Treinen, bis dohinner Sänger vun der Band Metro, déi laang Joeren zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus mat Klass ënnerwee war, huet sech mam Ben Thommes, fréier Gittarist bei Inborn, an dem Luc Hoffmann, fréiere Batter beim Bernie Zeches, zesummegedoen, an no e bësse probéieren huet sech de Choix vum Mike Koster, fréiere Bassist vun der Elektropop-Band Hal Flavin um Bass imposéiert.

Den Diamant ass hiert Markenzeechen, a steet grouss op hirem neien Album als Bild, an als ongeschriwenen Titel och am Wuertlaut. Et ass hiren zweeten Album, nodeems schonns 2014 een éischt Wierk dobausse war, an dach ass hir éischt Single, déi jeemools erauskomm, "Move", op dësem zweeten Album ze fannen, allerdéngs an enger iwwerschaffter Versioun. Hir zweet Single, "Idle Love", huet hinnen deemools en éischte Placement am Eldoradio Chartbreaker abruecht. Och dësen Track fanne mer um neien Album, genee wéi déi lëtzebuergesch Nummer 3 vum leschte Summer, "Hey Boy".

Evolutioun, net Revolutioun

Hei ginn "Eyes in My Eyes" hirem Emblème gerecht, wëll se Songs maachen, déi iwwert di vill Concert’en ewech, déi d’Band zu Lëtzebuerg an am Ausland spillt, eng Entwécklung a vill Verfeinerungsprozesser duerchginn, ier se op CD gebrannt ginn. Evolutioun, net Revolutioun, ass also de mot d’ordre.

D’Optrëtter vun "Ice In My Eyes" hun eng duerchgeräiften Eleganz ze bidden, déi hei am Land Seelenheetswäert huet. An och doriwwer eraus. Transmusicales de Rennes 2014, Rock um Knuedler 2015, kleng Ofstiecher op Paräis, Bréissel, Gent a vill aner Plazen, eng Däitschland-Tour, zesumme mat Yalta Club, sinn nëmmen e puer Beispiller vu Gigs vun der éischtklasseger Liveband.

Am Studio: Zesummen agespillt

Beim Lauschteren vun "Diamond" héiert een eraus, datt Opnam keng üblech ass. Zesummen aspillen war hei d’Taktik. Op dës vill Spuren, déi méi authentesch, méi dreiwend a méi organesch kléngen, wéi de klasseschen Overdub, bei dem d’Instrumenter coucheweis iwereneegeluecht gin, gëtt dësem Album säi schwiewenden, erfrëschende Charakter.

Duerno as natierlech tounteschnesch verfäinert, stëmmlech driwwergeluecht a mat Effekter nobehandelt ginn. D’Réimaterial gouf hei zeréckhalend poléiert, mee ni iwwerlueden, a vun der Parti neie Songs, déi op dësem Album drop sinn, stécht besonnesch ee längere Mëtteldeel um Titel "Strungout" eraus, well en des Kombinatioun aus Liveenergie a Studiofinessë perfekt illustréiert. De Song weist och op komplex Stëmmarrangementer an Harmonien hin, déi als Stilmettel dësen Album matbestëmmen, niewent enger räicher Instrumentatioun.

Melancholesch grooveg

Dat drëtt Standbeen, dat dësen Album zum perfekte Begleeder fir de Summer mécht, ass den Hauch vun Danzbarkeet, den allen Tracks eegen ass, an op "Strungout" vläicht säi rengsten Ausdrock fënnt.

Am Allgemengen ass "Diamond" eng suwuel liicht melancholesch an dach oniwerluede summerlech Plack, an där de gewëssene Pathos vum Olivier Treinen sengen Texter a Pop-Hooks vun enger grooveger Band ofgekillt ginn. An aus all dëse Grënn as "Diamond" vun "Ice In My Eyes" eisen Album vun der Woch, an doniewent an doriwwer eraus eng besonnesch Recommandatioun fir di waarm Deeg vum Joer.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen