Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 250 Joer Beethoven

Resonanzen Spezial

250 Joer Beethoven

Lauschtert d'Spezial-Sendung ronderëm dem L.v. Beethoven säin 250. Gebuertsdag mat den Invitéë Jean Muller a Joachim Fontaine. Theeme sinn ënner anerem e fuschneit Beethoven-Buch an eng nei Serie.

auto_stories

1 min

250 Joer an ëmmer nach aktuell. Och wann dem Ludwig van Beethoven säi ronne Gebuertsdag duerch d'Corona-Pandemie net esou gefeiert ka ginn, wéi et geplangt war, ass de Stéchdag vum 17. Dezember dach e groussen an der Welt vun der Klassescher Musek. Och de radio 100,7 feiert op dësem Dag dem Bonner Komponist säi Gebuertsdag.

An engem Resonanzen-Spezial ginn de Guy Engels an de Luc Boentges dem Ludwig van Beethoven op d'Spuer. Zesumme mat den Invitéë Jean Muller a Joachim Fontaine geet et ëm d'Fro no der Aktualitéit vum Beethoven senger Musek an ob et elo esou lues net awer mam Beethoven duergeet. Do dernieft geet et ëm den Ofschloss vun der Serie #beethoven20, de Start vun enger neier Emissioun an e fuschneit Beethoven-Buch.

  • Jean Muller iwwer seng Online-Intégral an d'Serie #beethoven20 06:31 / -47:02
  • Nei Serie mam Joachim Fontaine 18:52 / -35:40
  • Diskussioun: Ass de Beethoven ëmmer nach aktuell? 30:43 / -22:50
  • Buchpresentatioun: Stephan Eisel - Beethoven. Die 22 Bonner Jahre 40:15 / -13:18
  • Diskussioun: Gouf et elo genuch Beethoven? 46:55 / -06:39