Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 10 Joer Chez Kito Kat

Museks-Label

10 Joer Chez Kito Kat

Vill Lëtzebuerger Museker hunn Diske bei "Chez Kito Kat" verëffentlecht. De Label vu Metz feiert elo säin zéngte Gebuertsdag. De Bilan ass positiv. Ee Grspréich mam Labelchef Christophe Biache.

auto_stories

3 min

Komparce: De Christophe Biache an de Samuel Ricciuti

De Label Chez Kito Kat exitséiert elo zanter 10 Joer. Wéi ee Bilan kann een zéien?

De Bilan ass ganz positiv. Mir hu mat ganz wéinege Moyenen ugefaangen. Haut hu mir zwar och net vill Moyenen, awer mir hunn trotzdem iwwer 50 Disken um Label erausbruecht. Ënner den Artisten, déi bei eis verëffentlecht hunn, sinn der, déi aus der Musek hire Beruff konnte maachen. Mir sinn immens houfreg drop, wa sou Leit hiren éischten Album bei eis konnten erausbréngen.
Mir si frou, datt mir et schonn 10 Joer gepackt hunn, a mir hunn och nach vill Projeten, déi ënnerwee sinn. Ech denken, datt mir et och nach eng Kéier 10 Joer wäerte packen. D'Zukunft wäert weisen, wat kënnt.

Dir sidd och selwer musikalesch aktiv. Zum Beispill bei Komparce?

Komparce läit mir immens um Häerz. Dat ass mäi gemeinsame Projet mam Samuel Ricciuti. Hien ass Matgrënner vum Label a lieft mëttlerweil an den USA. Mir probéieren de Projet awer weider Liewen ze halen. Mir hunn eis iwwer d'Jore weider entwéckelt. An och d'Aarbecht iwwer Distanz huet eis nei Iddie bruecht. Et ass wierklech all Kéiers een Challenge, wa mir probéiere Stécker ze komponéieren. Well mir eis physesch net gesinn, hu mir geléiert fir Saachen aus de Pisten erauszespieren, déi mir eis iwwer Internet zouschécken. Ech hoffen, datt mir d'nächst Joer och eventuell kënnen eppes Neies erausbréngen.

Dee beschte Bilan mécht een net mat Wierder, mee mat Musek. Dofir hutt Dir eng Compilatioun erausbruecht, op där och vill Lëtzebuerger Artisten ze fanne sinn. Wou kritt een dës Compilatioun?

De Labelsampler ass just online iwwer Bandcamp disponibel. Et ass eng reng digital Release. Mir wollten dat net physesch erausbréngen, well mir aner Sortië geplangt hunn.

Fir Äre Gebuertsdag-Concert konnt dir Synthesis iwwerzeegen, fir ee klenge Comeback ze maachen.

Mir sinn immens frou, datt Synthesis sech fir dës Geleeënheet reforméiert hunn. Ech mengen, datt et op een Album wäert erauslafen, mat deem d'nächst Joer ze rechnen ass. Ech hat d'Chance fir puer nei Stécker vum Deborah Lehnen a Michael Galetto ze héieren, an dat kléngt ganz villverspriechend. Ech kann et kaum erwaarden, fir si en Donneschdeg ze gesinn.

De Line-Up vun Ärer Gebuertsdag-Soirée gëtt ee gudden Iwwerbléck iwwer Är Artisten, mat Interventioune vun Twin Pricks, Sh'napan, Synthesis, Shizuka, Norset.d a Kuston Beater...

Mir si frou, datt mir eise Gebuertsdag an de Rotonde kënne feieren. De Sall ass perfekt fir dës Zort vu Evenementer. Mir kommen ëmmer gär op Lëtzebuerg, mir hunn eng grouss Affinitéit mam Grand-Duché. Et gëtt een nahrhafte Buedem fir Artisten, et gëtt vill Kreativitéit a mir si ganz interesséiert un deene verschiddene Kläng, déi een zu Lëtzebuerg kann héieren.

D'Lëtzebuerger Musekszeen huet Iech vill ze verdanken.

Merci, mee dat gëllt fir déi zwou Säiten.


Den 22. Dezember 2016 ass d'Gebuertsdag-Soirée an de Rotonden: http://rotondes.lu/agenda/details/event/10-years-chezkitokat-records/