Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Above Below

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee literaresch Wierker an e Réckbléck op d'Assise vum Buch

VaLibrairie

Zwee literaresch Wierker an e Réckbléck op d'Assise vum Buch

Am Kader vum nationale Kulturentwécklungsplang 2018-2028 organiséiert de Kulturministère sektoriell Assisen. Den 10. Januar war d'Buch an all seng Acteuren, déi de Sujet an der Nationalbibliothéik waren.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / K1tyara & Editions Binsfeld & capybarabooks

Am Virfeld vun den Assisen gëtt en État des lieux vum Secteur gemaach. Fir d'Buch, Literatur an d'Editioun huet d'Wëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz dësen État des Lieux gemaach an dësen och op den Assise virgestallt.

D'Fabienne Gilbertz

D'Fabienne Gilbertz ass wëssenschaftlech Mataarbechterin am Nationale Literaturarchiv. An hirem Doktorat huet si sech mam Professionaliséierungsprozesser vun der Lëtzebuerger Literatur an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert ausernee gesat.

Den État des Lieux vum Buch

Aus dësem Gronn war si dann och un dësem Projet vum Kulturministère interesséiert. "Wou sti mer elo a wéi ass dee Prozess iwwer Zäit weidergaangen."

D'Buch "Wortproduzenten. Literarische und ökonomische Professionalisierung im Luxemburger Literatursystem der 1960er und 1970er Jahre", dat d'Fabienne Gilbertz 2019 publizéiert huet, war "d'Basis fir de Kader, och ze iwwerleeën, wat ass Professionaliséierung". Et ass der Fabienne Gilbertz och wichteg gewiescht den Therm vun der Professionaliséierung méi kloer ze definéieren.


De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Fir den État des lieux ze maachen, huet d'Literaturwëssenschaftlerin d'Verbänn vun den Editeuren, Auteuren an Libraire kontaktéiert, Questionnairen do verdeelt, eenzel Gespréicher mat Auteure gefouert. Si huet déi verschidden Aspekter berécksiichtegt an hier Enquête dann och ugepasst.

D'Detailer vum État des Lieux vum Buch huet d'Fabiene Gilbertz am Gespréich mam Valerija Berdi verroden.

Zwou Table ronden

An eiser Emissioun presentéiere mir eng Zesummefaassung vun den zwou Tables ronden, déi uschléissend un d'Presentatioun vum État des lieux organiséiert goufen.

Déi éischt Table ronde huet sech mam Ekosystem vum Buch befaasst, also vun der Kreatioun bis bei de Lieser. Invitéiert waren Elise Schmit (Schrëftstellerin), Marc Binsfeld (Editeur), Fernand Ernster (Librairie), Bea Kneip (RTL-Kulturredactrice).

Déi zweet Table ronde huet sech mam professionelle Kader am Sënn vun der Remuneratioun an der Begleedung befaasst.

Hei waren de Samuel Hamen (Schrëftsteller a President vun A:LL Schrëftsteller*innen), de Ian De Toffoli (Schrëftsteller a fréiere President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren), Nathalie Jacoby (Directrice vum Nationale Literaturarchiv), Valérie Quilez (International Coordinatrice bei Kultur|lx) an Jeanne Glesener (Professeure associée um Institut vun der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur op der Uni vu Lëtzebuerg.)

Zwee literaresch Wierker sinn dann och vum Valerija Berdi a Michel Delage beschwat ginn: dem Guy Rewenig säi Roman "Schnatt" (Editions Guy Binsfeld) an "This Hard Minett Land" e Buch mat Texter vu 37 Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren (Capybarabooks)