Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ce que nous sommes": Wann Utopie Dystopie gëtt

Gezeechent

"Ce que nous sommes": Wann Utopie Dystopie gëtt

A "Ce que nous sommes" féiert eis de Zep an Welt, an där d'Mënsche permanent mat engem Computer verbonne sinn an a virtuelle Realitéite liewe kënnen - soulaang si deen néidege soziale Status dofir hunn. Den Held vun dëser BD, déi gutt gezeechent ass, awer ganz konventionell Science Fiction bitt, léiert eréischt, nodeems en alles verluer huet, datt et och eng analog Welt dobausse gëtt a wat et eigentlech heescht, e Mënsch ze sinn.

auto_stories

5 min

Bekannt ass de Schwäizer Philippe Chappuis alias Zep virun allem fir de Personnage vum Titeuf, deen hien zanter 1992 zeechent. Nieft BDe fir Kanner verëffentlecht den Zep allerdéngs och reegelméisseg Bicher fir eeler Lieserinnen a Lieser. Dat Neitst dovunner ass "Ce que nous sommes", eng Science-Fiction-Geschicht, déi am Verlag Rue des Sèvres erauskomm ass.

Gehier am Tank als Befreiung

Et ass, op den éischte Bléck, eng "brave new world", eng schéin nei Welt, déi eis dës BD weist. Ce que nous sommes spillt am fréien 22. Joerhonnert, wou d'Mënschen iwwer eng Schnëttstell an hirem Kapp direkt mat engem gigantesche Computer, dem Data Brain Center, verbonne kënne ginn. Esou kënne se zum Beispill einfach per Download nei Sprooche léieren an hunn e quasi-enzyklopedescht Wëssen. An, wat fir d'Geschicht entscheedend ass: Iwwer d'Verbindung mam Computer ass et méiglech, an enger perfekt simuléierter virtueller Welt ze liewen, déi vun de reeller net méi ze ënnerscheeden ass.

D'BD spillt op e bekannte Gedankenexperiment aus der Philosophie un: d'Fro, ob mer eis kënne sécher sinn, datt mer net einfach en isoléiert Gehier an engem Laboratoirestank sinn a vun engem Computer déi selwecht elektresch Signaler kréien, déi d'Gehier och an engem Kierper dobaussen iergendwou an der Welt géif kréien. Beim Zep gleewen d'Mënschen, datt se just Gehierer an engem Tank sinn, a gesinn et als eng Befreiung un, dass se iwwer hir Connectioun mam Data Brain Center zu all Moment genau dat kënnen erliewen, wat se wëllen.

En Hackerugrëff bréngt d'Welt an d'Wanken

Wéi esou oft lauert ënner der scheinbarer Utopie d'Dystopie. Den Hoken un de Saach ass fir d'éischt emol, datt d'Leit net all de selwechten Accès un déi nei Technologie hunn, et also sozial Ënnerscheeder gëtt, wann et dorëms geet, wie sech Connaissancen einfach erofluede kann a wie seng Fräizäit an der virtueller Welt vu sengem Choix verbréngen dierf. De Constant, de jonken Held vun der BD, gehéiert zu de räichen Awunner vun der Stad an domat zu de Privilegéierten, mee e léiert am Laf vun der Geschicht déi donkel Säit vu senger Gesellschaft kennen. Hie gëtt Affer vun engem Hackerugrëff, bei deem e säin Zougang zum elektronesche Gehier an domat och säi ganzt Wësse geklaut krit.

Den Held erwächt ausserhalb vun de Stadgrenzen a ka sech u näischt méi erënneren, net emol u säin Numm. Hei, um Land, funktionéiert d'Liewe ganz anescht: Wéi de Constant gewuer gëtt, verbraucht d'Stad an den Data Brain Center de komplette Stroum, esou dass d'Awunner praktesch ouni Technologie liewe mussen. Hie krit vun de Leit, déi e fannen, gehollef a geréit relativ schnell un d'Hazel, eng jonk Fra, déi an enger Häip am Bësch lieft an e Computer huet, dee mat Solarenergie funktionéiert. Zesumme probéieren si erauszefannen, wien de Constant ass. Dobäi léiert dësen och, praktesch wéi e Kand, sech am Bësch erëmzefannen.

Keng ganz originell Technikkritik...

Ce que nous sommes ass eng spannend, allgemeng awer eng ganz klassesch, konventionell Science-Fiction-Erzielung. D'Oppositioun tëschent digital an analog, Stad a Land, Kultur a Natur, Mann a Fra an esou weider, dat wierkt alles immens plakativ. Och d'Thema vun der virtueller Realitéit, déi net méi vun der Wierklechkeet z'ënnerscheeden ass, oder vun der utopescher Welt, déi sech als krass Klassegesellschaft erweist, dat sinn alles Elementer, déi engem méi wéi bekannt virkommen a bei deenen de Zep och kaum en neie Bléckwénkel kreéiert.

D'BD entwërft eng Kritik un der Entwécklung vun der Mënschheet, déi virun allem eng Kritik un der Technologie ass. Am Buch sengem eegene Wierder lande mer amplaz beim "humain augmenté", deen eis vun de groussen Technologie-Firmae vun haut versprach gëtt, beim "humain assisté". Mir bauen also just nei Protheesen, nei Hëllefsmëttel, vun deene mer dann och nach ofhängeg ginn, a schaffen net un der Verbesserung vun der Mënschheet selwer, konzentréieren eis net op "dat, wat mer sinn," wéi den Titel et seet. Dat ass awer keng ganz originell Technikkritik. Déi selwecht Argumenter gouf et schonn, wou virun e puer Dausend Joer d'Schrëft erfonnt gouf. Datt Ce que nous sommes net schrecklech innovativ ass heiansdo zimmlech previsibel, soll awer net heeschen, dass et keng gutt gemaache BD ass, an där et alt och emol Iwwerraschunge ginn.

... dofir eng perséinlech Handschrëft an de Biller

Eng vun de Stäerkte vun der BD si wuel hir Biller. De Zep benotzt e realistesche Stil, ganz soignéiert a schlicht. Och den Opbau vun de Säiten ass ganz reegelméisseg. Dozou kënnt eng douce Koloréierung, oft just mat enger Faarf, déi vu Säit zu Säit oder Zeen zu Zeen wiesselt. Et ass en onopdréngleche Stil, deen, wat fir eng Science-Fiction-BD ontypesch ass, net vill Wäert drop leet, eis technesch Gadgeten, futuristesch Autoen oder Skylines vu Megacitien ze weisen. Am Aklang mat Sujet vum Buch ass de Fokus vun de Zeechnunge ganz op de Figuren, ganz op de Mënschen, déi den Zep mat vill Léift zum Detail portraitéiert. Doduerch krit Ce que nous sommes och méi eng eegestänneg Identitéit als Wierk, méi eng perséinlech Handschrëft a gëtt op gewëss Aart a Weis zu engem méi mënschleche Wierk.

Normalerweis géif ee bei engem Buch wéi dësem soen, datt et eppes fir d'Fans vum Genre ass. Mee an dësem Fall si grad si et, deenen déi einfach gestréckte Geschicht mat hire ville Klischeeë wuel am meeschten opstéisst. Wat trotz alle Schwächte vun der Erzielung bleift, sinn d'Zeechnungen, déi mat hirer Eleganz iwwerzeegen, an interessanterweis grad deen Aspekt vun der BD duerstellen, dee sech iwwer d'Konventioune vun der Science-Fiction erhieft.